"Steinberg" vum Cornel Meder

© Cornel Meder
D'Erënnerungen vum Cornel Meder, erzielt vu sengem Alter Ego Steinberg.
Den 2te Juli vun dësem Joer huet eis de Cornel Meder fir ëmmer verlooss. Hie war bekannt als Politiker, Schouldirekter, Direkter vum Nationalarchiv, Member vum Staatsrot, awer och als Matbegrënner vum Lëtzebuerger Literaturarchiv. Last but not least war hien och Auteur an Editeur. Säi lescht Wierk mam Titel "Steinberg" koum just e puer Woche viru sengem Doud eraus. D'Bea Kneip huet sech mat sengem Jong, dem Charles Meder, doriwwer ënnerhalen.
AUDIO: "Steinberg" vum Cornel Meder
"Steinberg" ass no "Reisiger" a "Ronconi" den drëtte Band am Cornel Meder senger Meringer-Trilogie. Dësem Band kënnt awer eng ganz besonnesch Roll zou: Et ass eng Mëschung aus Autobiographie a Fiktioun an der de Cornel Meder et sengem Alter Ego Steinberg iwwerléisst fir am Gespréich mat sengem Jong dat z'erzielen wat hien erlieft, wat hie markéiert, a wat hien erreecht huet.
De Cornel Meder ass 1938 zu Esch gebuer, studéiert huet en zu Louvain, Bonn, Paräis an Tübingen. No sengem Studium huet en als Enseignant am Escher Jongelycée ugefaangen, 1969 gouf en Direkter vum spéideren Lycée Technique Mathias Adam zu Péiteng. Och politesch war en interesséiert, ass 1973 an d'LSAP agetrueden, war laang Joren am Déifferdenger Gemengerot, an iwwer 20 Joer laang Member vum Staatsrot. 1987 gouf en Direkter vum Nationalarchiv , 1995 war en ee vun de Matbegrënner vum Mierscher Literaturarchiv, huet awer och selwer geschriwwen a publizéiert. Zum Deel war dat Fiktioun, de Cornel Meder huet sech awer och fir Literaturgeschicht interesséiert, an zum Beispill Wierker iwwert de Michel Rodange oder de Batty Weber erausginn.
Eent war e ganz sécher: e Minetter, an zwar mat Häerz a Séil
Säi lescht Buch war fir de Cornel Meder wuel och eng Manéier fir e Bilan ze zéien, eng Reflexioun iwwert sä Liewen. Säi Jong Charles, iwwregens selwer Däitschprof a Schrëftsteller, war allerdengs a Wierklechkeet net un der Nidderschrëft vu "Steinberg" bedeelegt, den Deel vum Buch ass reng Fiktioun. Fir hien war et dann och eng Geleeënheet säi Papp nei z'entdecken. An dat dierft et och fir déi sëlleche Leit sinn, déi de Cornel Meder kannt hunn, oder an enge vu senge verschiddene Funktiounen mat him ze dinn haten.
"Steinberg" dat si keng Memoiren am klassesche Sënn vum Wuert, mä villméi den onorthodoxen, éierleche a sécher och gelongene Versuch fir 79 mouvementéiert Liewesjoer a knapp 200 Säiten zesummenzefaassen.
"Steinberg - Erinnerungen" vum Cornel Meder ass vum Déifferdenger Centre Culturel publizéiert ginn. Am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch gëtt dann och den 29sten November am Kader vun engem Virtrag un de Cornel Meder erënnert. Den Titel: "Eine Integrationsfigur von Format-Cornel Meder und die Professionalisierung des Luxemburger Literaturbetriebs". Weider Detailer dozou fënnt een op www.cnl.etat.lu