Konferenzen, Atelieren, e kreative Maart an Ausstellunge stinn ënner anerem um Programm. Mir hunn am Virfeld mat den Organisateure geschwat.

Luxembourg Design Festival

D'ASBL Design Luxembourg gëtt et antëscht schonn 30 Joer. Wéi si virun zwee Joer den European Design Festival organiséiert hunn, ass d'Iddi komm, en eegestännege Festival op d'Been ze stellen, deen dem Design hei zu Lëtzebuerg eng Plattform bitt an e méi an de Fokus stellt. D’Nadine Clemens, Coordinatrice, erkläert, datt et ee Festival ass, dee sech u jiddereen adresséiert. Engersäits natierlech u professionell Designer:
 
"Well mer am Kader vum Festival och eng ganz Rei Rencontres professionnelles organiséieren, e bësse wéi nom Modell, wéi de Filmfestival och, wou mer Momenter hunn, wou déi professionell Designer kënne Leit aus dem Secteur kenneléieren, déi mir invitéieren, dat sinn Leit, déi aus Federatiounen, dat si Curateure vu Muséeën, dat si soss Design-Experten, déi extra op Lëtzebuerg kommen a wou mer esou e Point de rencontre maache mat a fir d'Designer vun hei."
 
D'Iddi wier awer och, den Design bei engem breede Publikum visibel a bekannt ze maachen. En Deel vum Programm gouf vun de Kulturinstitutioune selwer op d'Bee gestallt. D'Nadine Clemens nennt eng Partie Beispiller:
 
"E Lino-Gravure-Workshop mam Artist Charles Wintz. De Casino an de Casino-Display, déi hunn e Programm vu Residenzen, deen hu se dës Kéier an d'Woch vum Festival geluecht, well de Residenzprogramm méi spezifesch ëm d'Rhizografie geet, dat ass eng Drocktechnik."
 
Den aneren Deel ass d'Programmatioun vun Design Luxembourg selwer. Een Highlight fir d'Nadine Clemens ass do “Panorama”, eng Ausstellung iwwer Produktdesign zu Lëtzebuerg.
 
"An do hu mer am Summer en Appell gemaach un d'Produktdesigner, si solle sech mellen an do ware mer am Fong iwwerrascht iwwert d'Resonanz, deen den Appell bruecht huet, well elo an der Expo hu mer eng 21 Produktdesigner, déi wäerten ausstellen."
 
Wat oder wien ënnert den Terme “Designer fält”, wier zimmlech vast, seet de President vun Design Luxembourg, Thomas Tomschak.
 
"Ça peut être sur différents types de supports, ça peut être du matériel pour devenir product designer et créer des meubles ou n'importe quel objet. Ça peut être du graphic design et donc qui va répondre par le graphisme. Ça peut être du fashion design donc qui va répondre en utilisant des tissus pour créer des vêtements. Et donc on a toute une panoplie de design. Donc le design c'est surtout un métier et c'est une façon de créer des choses qui répondent à une demande."
 
De Secteur géif vill Independanten zielen, a vill Jonker wéilte sech am Design lancéieren.
 
"Le Festival, c 'est la grande occasion pour nous de donner un coup de projecteur et rassembler les gens vers nous et qu'on puisse les aider à se développer et réussir à définir correctement le design et voir les besoins aussi que ça engendre. Et comme on est en discussion avec les ministères, Kultu LX entre autres, et les aider aussi à pouvoir développer le design au Luxembourg."
 
Déi éischt Editioun vum Luxembourg Design Festival ass vum 12. bis de 16. November, a soll an Zukunft all zwee Joer e feste Rendez-vous am Kulturagenda zu Lëtzebuerg ginn.
 
De komplette Programm vum Festival mat all den Detailer a Rendez-vouse fannt der ënnert: www.designfestival.lu