Nom Abroch am Louvre stellt sech d'Fro: Wéi sécher ass d'Konscht eigentlech an de Muséeën zu Lëtzebuerg?

Den Déifstall vum Joerhonnert. Dat hu vill Zeitunge geschriwwen, nodeems viru gutt zwou Wochen am wuel bekanntste Musée op der Welt agebrach gouf. An d'Aktioun war wuertwiertlech filmräif. Nëmme 7 Minutten hunn d'Brigange gebraucht, fir historesch Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen Euro aus dem Louvre ze klauen. Et wiere Profien um Wierk gewiescht - an trotzdeem sinn hinne Feeler ënnerlaf. Ma wéi gesäit et hei am Land iwwerhaapt mat der Sécherheet an de Muséeën aus?

International Experte soen, dass dat heiten eng Warnung wier, fir all d‘Muséeën op der Welt. Virun allem Muséeën, déi Bijouen ausstellen oder Gold, wiere besonnesch beléift bei Krimineller, well se dës Wierker méi séier a Sue verwandelt kréien. Meeschtens géifen d‘Abriecher och fonnt ginn, ma vun den historesche Stécker feelt all Spuer. Am Fall vun de geklaute Stécker aus dem Louvre geet een dovunner aus, dass déi warscheinlech an den Diamanten-Héichbuergen Antwerpen oder Tel Aviv auserneegeholl goufen an esou weiderverkaf konnte ginn.
 
Hei am Land huet dat natierlech och dofir gesuergt, dass ee sech nach emol a Fro stellt. Ma am Mudam zum Beispill wier ee sech bewosst, dass de Risiko ëmmer géif bestoen. Ma doduercher, dass et e modernt Gebai wier, géif ee mat den neiste Sécherheetsstandards schaffen. Ganz ausschléisse kéint een esou eppes awer natierlech ni. Ma Konscht aus hirer Kollektioun wier am High Security Hub, dem Freeport, gelagert. Dat géif schonn enorm hëllefen.
 
D'Fro stellt sech: Wéi vill Wäert huet e Konschtwierk nach, wann et hannert decke Mauere verstoppt gëtt? Wa Biller, Skulpturen oder Reliquien net méi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn, verléiere se dann net hiren eigentleche Sënn? Wat bleift, ass de finanziellen Aspekt – eng Investitioun, déi méi mat Profit, wéi mat Kultur ze dinn huet.
 
Konscht wier gemaach, fir gewisen ze ginn. An dat wier de Spagat, deen een als Musée misst hikréien an de Risk, deen een och misst agoen. Well net nëmmen Abréch, mee och Naturkatastrophe kéinte Gebaier a Wierker bannendran am schlëmmste Fall beschiedegen.