"Wann ech d'Forme vun de Beem gesinn, inspiréiert dat mech"
D'Nadine Zangarini ass eng vun de 67 Lëtzebuerger Kreateuren, déi hir Wierker vum 20. bis den 23. November op der Biennale "De Mains de Maîtres" presentéieren.
All zwee Joer valoriséiert dësen Event den Knowhow, d’Konschthandwierk an déi kreativ Diversitéit vun eise Kënschtler an Handwierker. D’Nadine Zangarini schafft den Ament un dräi Skulpturen aus Ahornholz, déi si an deem Kader wäert ausstellen. Dobäi ass et net einfach iergendee Bam – si kennt e ganz gutt. "Dat war ee Bam, dee bei menger Mamm am Gaart stoung", esou d’Artistin, "en huet missen ewech geholl ginn, well en ze grouss ginn ass".
Holz ass hiert Liblingsmaterial. D’Nadine refuséiert awer, Beem reng fir hir Konscht ze haen, a schafft dofir dacks mat Bamstämm, déi si entweder geschenkt kritt oder déi zum Beispill bei engem Stuerm ëmgefall sinn. Am Flottste wier et fir si, eng Matière ze verschaffen, zu där een eng Verbindung huet – wéi den Ahorn vun hirer Mamm, erkläert d’Nadine Zangarini.
Konscht hëlt vill Plaz an hirem Liewen an. 17 Joer laang war d’Nadine Konschtproff an engem Lycée zu Miersch. An zanter der Pensioun verbréngt si hir Zäit am Atelier, wou si hire Skulpture Liewen anhaucht. A wa si de ganzen Dag am Atelier schafft, mécht d’Nadine gär Paus am Bësch, wou si Inspiratioun fënnt. Duerch hir Wierker, sollen d’Spectateuren d’Ëmwelt an d’Bëscher mat aneren Aen gesinn.
Am Video-Reportage gitt Dir méi gewuer iwwert déi kreativ Welt vum Nadine!