De Fonds National de la Recherche huet en Donneschdeg en neie Projet virgestallt, mat deem den éischte Parkinson-Fuerschungszenter erméiglecht soll ginn.

De Projet soll ronn 8 Joer daueren. All déi lëtzebuergesch Institutiounen am Beräich vun der Biomedezin di sech zesummen, fir nei Methoden ze fannen, wéi ee Parkinson méi fréi erkenne kann. Schonn dëst Joer gëtt dofir eng Parkinson-Laangzäitstudie lancéiert.

AUDIO: FNR Parkinson / Reportage Pierre Jans

Parkinson ass déi zweetheefegst Krankheet op der Welt, déi d'Gehir betrëfft. Iwwerdeems ginn d'Leit ëmmer méi al an dofir wäerten och ëmmer méi Leit vu Parkinson betraff sinn.

Meeschtens kann een och net soen, wisou eng Persoun Parkinson krut. Dat sinn d'Grënn, wéinst deenen den FNR säin éischten National Centre of Excellence in Research der Parkinson-Fuerschung widme well, sou den Generalsekretär vum FNR, den Dr. Marc Schiltz. D'Motivatioun ass, datt ee scho vill an der Fuerschung an de leschte Joren opgebaut huet. Elo gëllt et awer den nächste Schratt ze maachen a mat Partenairen zesummen weider an der Fuerschung ze schaffen, fir de Leit an de Patienten ze hëllefen.

De Projet baséiert domat op enger wichteger Kooperatioun tëschent de Fuerscher an den Dokteren, déi ebe Parkinson-Patiente behandelen. Sou kéint een d'Kompetenzen, déi een hei zu Lëtzebuerg fënnt, bündelen an op de richtege Plazen asetzen. Am Fokus vum Projet steet eng Etude, déi iwwer e puer Joer gemaach soll ginn. Ënnersicht gi Patienten an alle Stadie vun der Krankheet.

De neien Exzellenz-Zenter besteet aus dräi Beräicher: als éischt musse Patiente fonnt ginn, déi bei der Etude matmaachen. Da ginn d'Analysen ënnersicht a gespäichert. Duerno gëtt mat den neien Donnéeë weider gefuerscht. De But vum ganze Projet erklärt den Prof. Dr. Rejko Krüger. Et wëll ee verstoen, wéi eng Hannergrënn hannert der Krankheet stiechen. All d'Leit, mat oder ouni Parkinson, kënnen do mat hëllefen, an deem si Urin oder Blutt spenden. Doraus probéiert een e Muster ze erkennen an et hofft een esou Weeër ze fannen, wéi een agräife kann. Zil ass eng besser Behandelung, déi sech och mat den Ursaache vun der Krankheet befaasst.

A punkto Finanzement vum Projet iwwerhëlt de Fonds National de la Recherche ronn zwee Drëttel vun de Käschten, déi sech op 20 Milliounen Euro belafen.

AUDIO: Parkinson 1
AUDIO: Parkinson 2