Fuerscher hu rezent e Spannennetz vun iwwer 100 Quadratmeter an enger Grott op der Grenz tëscht Griicheland an Albanien entdeckt.

Wëssenschaftler hunn an de leschte Wochen an enger Hiel op der Grenz tëscht Griicheland an Albanien e risegt Spannennetz vu méi wéi 100 Quadratmeter mat ronn 111.000 Spannen drop entdeckt. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi an der Fachzäitschrëft "Subterranean Biology" publizéiert gouf.

D'Hiel ass lokal als "Sulfur cave" bekannt an ass aussergewéinlech räich u Schwiefel. Op Biller, déi d'AFP e Mëttwoch kritt huet, gesäit een Deeler vun deem immens grousse Netz, dat déif an der Grott vun engem Wëssenschaftler ënnersicht gëtt.

An der Fachzäitschrëft schwätze Fuerscher vun enger aussergewéinlecher Entdeckung, well zwou Zorte vu Spannen, déi normalerweis eleng liewen, niewenteneen um Netz ze fanne sinn. Et wier deemno den "éischten dokumentéierte Fall" vu sou enger Koexistenz, schreiwen d'Experten.

D'Netz selwer besteet aus "villen eenzelen Triichter-Netzer", déi all strategesch do placéiert sinn, wou d'Spannen eppes z'iesse fannen.