Se si kleng, flauscheg a kënne super léif drakucken, ma opgepasst, souguer dee klengsten Chihuahua huet Wollefs-DNA a sech.

Dat ass d'Resultat vun enger Etüd, déi e Méindeg vun US-Wëssenschaftler an der Zäitschrëft "Proceedings of the National Academy of Sciences" verëffentlecht gouf. Si hunn an hiren Ënnersichunge festgestallt, dass bal zwee Drëttel vun all de Mupperassen noweisbar Quantitéite vu Wollefs-DNA a sech droen.

Et handelt sech awer net ëm genetesch Iwwerreschter aus der Zäit, wéi sech Hënn viru gutt 20.000 Joer aus Wëllef entwéckelt hunn, wéi d'Fuerscher betounen. Villméi handelt et sech ëm Indicen, dass sech eis Muppen a wëll Wëllef an de leschte Joerdausenden ëmmer nees matenee gekräizt hunn. Dat wéilt awer elo net heeschen, dass ee misst Angscht hunn, dass e Wollef bei een heem kënnt a sech do mam Hausdéier vereent, huet et nach geheescht als Entwarnung un all d'Muppebesëtzer dobaussen.

Virun dëser Etüd ass een dovun ausgaangen, dass en Hond, fir als Hond ze gëllen, nëmme wéineg bis guer keng Wollefs-DNA däerf hunn. Dat huet d'Haaptautorin vun der Etüd, d'Audrey Lin vum American Museum of Natural History präziséiert. Fir dëst z'ënnersichen, huet hir Ekipp dausenden Honds- a Wollefsgenomer an ëffentlech zougänglechen Datebanken analyséiert. Dobäi koum eraus, dass iwwer 64 Prozent vun eise modernen Hondsrasse Wollefs-Virfaren hunn. Souguer dee butzegsten Chihuahua kann deemno 0,2 Prozent Wollef a sech hunn.