De Youtuber Jan Zimmermann ass mat 27 Joer gestuerwen
De Jan Zimmermann hei riets nieft sengem Frënd Tim Lehmann. / © Image Facebook.com / Gewitter im Kopf
Op sengem Youtube-Kanal "Gewitter im Kopf" huet de Jan Zimmermann senge knapps zwou Milliounen Abonnente vu sengem Liewe mam Tourette-Syndrom erzielt.
Den däitsche Youtuber Jan Zimmermann ass dout. Dat mellen eng Rei däitsch Medien. Wéi et vun der "Bild" heescht, hätt e Spriecher vun der Police matgedeelt, dass dee 27 Joer alen Zimmermann schonn den 18. November dout a senger Wunneng fonnt gouf. Et wier eng Enquête an d'Weeër geleet ginn, déi awer schonn ofgeschloss ass. Deemno géif e Friemverschëlden als Doudesursaach ausgeschloss ginn.
De Jan Zimmerman war virun allem wéinst sengem Youtube-Kanal "Gewitter im Kopf" bekannt. Hei huet hie senge ronn zwee Milliounen Abonente vu sengem Liewe mam Tourette-Syndrom gezielt, dat zäitweis och zesumme mat sengem Frënd Tim Lehmann.
Beim Tourette-Syndrom handelt et sech ëm eng neurologesch Stéierung, déi bei de Betraffene méi oder manner staark Ticken ausléist. De Jan Zimmermann hat 2022 bekannt gemaach, dass hie sech en esougenannten Hirnschrittmacher asetze gelooss huet, fir seng Ticken ze ënnerdrécken.
Bis ewell ass net gewosst, ob dem Youtuber säin Doud a Relatioun mat senger Krankheet steet.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu