Dës Woch ass d'Model Mandy Graff um Späicher. Scho virun GNTM war si e groussen Déierefrënd.

Vun kleng op ass d'Mandy Graff mat Päerd grouss ginn. "Mäi Papp war schonn ëmmer e Cowboy. [...] Säit ech denke ka mat Cowboyshutt an an Jeans a Stiwwelen", a vun him kënnt och d'Passioun fir dat sougenannt "Western Riding" oder "Reining".

Beruffswonsch als Kand: "Iergendeppes mat Déieren"

D'Mandy Graff wollt als Kand ni Model ginn. Eigentlech wollt si am Léifsten als Déierendoktesch schaffen.
"Ech hat ëmmer Déieren doheem. Ech hat ëmmer esou ee Stethoskop an dunn hunn ech meng Déieren ënnersicht."

Och haut nach spillen Déieren eng grouss Roll am Mandy Graff sengem Liewen. Hire Mupp, d'Elli, war mat um Set a si huet och Päerd. A souguer haut nach géing déi jonk Fra sech wënschen, dass se de Studium vun der Déieremedezin duerchgezunn hätt. Dat wär sécherlech hir Passioun gewiescht, fir Déierendoktesch ze ginn.

Wéini koum de Wonsch bei GNTM matzemaachen?

Wéi d'Mandy Graff 17 Joer al war, ass d'Sendung "Germany’s Next Top Model" populär ginn. Zu där Zäit hat si schonn e bëssen Erfarung, well si mam Fotograph Yves Kortum zesummegeschafft huet.
"Ech weess, dass mer dat op enger Party gekuckt hunn, bei engem doheem. An du soten si: 'mell dech un'.

Duerno war d'Mandy zwee bis dräi Méint fort a konnt dat Schouljoer natierlech net fäerdeg maachen. De Wee vum Top-Model huet si och eng Zäit laang weider gefouert.

Mega Aventure: Mee "Et ass schonn een haarde Business"

Et wier natierlech "mega flott" an eng Aventure gewiescht, déi een eigentlech, sou seet si sech haut, nach méi laang hätt kënne maachen. De Business ass, wéi een et sech virstellt, glamouréis a schéi mat ville Partyen an After-Partyen, mee et gëtt och déi aner Säit: vill Castingen, keen Job kréien an net vill Sue verdéngen. Do wieren och Meedercher gewiescht, déi guer net mat där Situatioun eens goufen a sech d'Liewe geholl hunn.

Haut, mat Réckbléck, wënscht si sech, si hätt vläicht deemools nach méi Bëss gehat. Mee zu där Zäit wollt déi jonk Fra Normalitéit.

"Iergendwann wollt ech och net méi mat 15 anere Meedercher an engem Appartement wunnen. Ech wollt och net méi de Struggle hunn, all moies opzestoen an op e Casting ze goen an net ze wëssen: kritt een den Job oder kritt een en net."

Si hutt hiert Doheem an d'Päerd ze vill vermësst.

"Ech war zu Mailand ee Joer a sinn dunn einfach heem komm. Ech hunn meng Mamm ugeruff a gesot, ech kommen elo heem. An du sinn ech einfach do bliwwen."

Si huet decidéiert, hir Schoule fäerdeg ze maachen an huet op der Uni am Bachelor Germanistik studéiert an e Master an Literaturwëssenschaft aus dem 19. an 20. Joerhonnert gemaach.

"Déi Blus déi kënne mer dir net undoen, du bass ze déck"

Wat mécht dat mat engem, wann een dauernd just op d'Ausgesinn reduzéiert gëtt? D'Mandy Graff erkläert, dass si vun doheem gutt dorop virbereet gouf. Mee natierlech wären et heiansdo Amenter ginn, wou si sech schlecht gefillt huet.

"Wann ech gesot krut, déi Blus déi kënne mer dir net undoen, well du bass ze deck. [...] Mat 18 sinn ech dann heem komm an du sot ech, ech misst vläicht nach e bëssi ofhuelen oder eng Fett-Absaugung maachen."

Do huet dunn de Support vun doheem gespillt, hir Mamm hätt si ganz séier zeréck op de Buedem vun den Tatsaache bruecht, sou d'Mandy Graff. Mee aner Meedercher hätten dat net gehat. Anerer wieren och absolutt op den Job ugewise gewiescht an hätten d'Suen heem geschéckt fir d'Famill.

Wat mécht d'Mandy Graff haut?

Déi fréier Top-Model schafft an enger Primärschoul. An der Fräizäit ass d'Reiden natierlech virop bei hiren Hobbyen. Donieft versicht si sech u Poterie, zesumme mam Eric Mangen.

Firwat huet d'Mandy Graff keng Model-Jobs a Japan ugeholl, wat huet si motivéiert, Germanistik ze studéieren a wéi ee Lidd hutt si eis matbruecht?

Fir dat gewuer ze ginn: einfach erakucken oder lauschteren. Eis Emissioun "Gepëspers um Späicher" fannt Dir op alle Plattformen als Video a Podcast.