RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Marco Moes
© Patrick Greis
De fréiere Basketspiller a Kiné verréit, firwat hie säin Gin selwer mécht.
Am 'Café des artistes' verzielt den Ex-Kapitän vun der Basketnationalekipp dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass e Ski-Accident him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet an hien scho 4x e neien Knéi krut.
Hien zielt, dass seng Fra ze spéit op d'Hochzäit koum, a gëtt zou, aus dem Didj geheit ginn ze sinn. Mir gi gewuer, firwat hien als Kiné just eng Kéier bei der Fussballnationalekipp am Asaz war an héieren, firwat hie fir RTL als Sportreporter en Interview mam Grand-Duc Henri gemaach huet.








Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.