Kanner fir Technik begeeschteren a selwer kniwwele loossen
Virkenntnesser brauch ee keng, just Virwëtz an en Interessi fir nei Technologien a Loscht um Kniwwelen.
Ateliere fir Grouss a Kleng maachen d'Makerfest zu engem flotte Rendez-vous, wou alles am Zeeche vun der Technik stoung. Och bei der drëtter Editioun um Forum Geesseknäppche war en Dënschdeg an e Méindeg erëm vill lass.
Selwer experimentéieren an zesummebastelen, am Team schaffen a staunen, selwer ee Roboter programméieren a Kommandoe ginn, dat waren nëmme puer Aktivitéiten vum Makerfest.
Nei dëst Joer war de Space Challenge. Hei kënnen d’Kanner net nëmme Fligere bastelen, mä och léieren, ewéi se richteg gebastelt ginn, datt se gutt a wäit fléie kënnen. Hei war viru allem besonnesch, dass 70 verschidden Nationalitéiten matgemaach hunn. Eng Aktioun, déi bei de Kanner gutt ukomm ass.
Ronn 1.500 Jonker hate sech fir déi zwee Deeg ageschriwwen. Organiséiert vum SCRIPT an dem Service national de la Jeunesse. Et goufen am Ganzen 30 Atelieren, fir Kanner vu 6 bis 18 Joer. Gefërdert ginn, soll d'Kreativitéit an den Ëmgang mat neien Technologien.
Och nei war de Kniwwelino. Eng Plaquette, déi duerch en USB-Kabel un engem Computer ugeschloss ass. D'Kanner kënnen dann um Computer Saache molen, déi dono um Kniwwelino ugewise ginn. Hei solle Kanner ganz einfach léieren, wéi programméiere geet.
Kanner fir d'Technik begeeschteren a se selwer kniwwele loossen. Dat war d’Zil. Well Kreativitéit kennt keng Grenzen.