De bekannten däitsche Schauspiller, deen och zu Hollywood als eng Legend gëllt, ass am Alter vun 81 Joer zu Palm Springs a Kalifornien an den USA gestuerwen.

Dat mellt souguer d'US-Zeitung "Variety", déi sech op säi Partner a Kënschtler Delbert McBride beruffen, wéi och de brittesche "Guardian". D'Doudesursaach ass bis ewell net bekannt.

Den Udo Kier kënnt a sech vu Köln a war ee vun den erfollegräichsten däitsche Schauspiller zu Hollywood. Hien huet Niewerollen a grousse bekannten Hollywood-Produktioune wéi Armageddon, Ace Ventura, Blade oder My Own Private Idaho matgespillt, war awer virun allem bei Kenner an Amateure vum Independent- an Arthouse-Kino beléift a bekannt.

RTL

© Photo by ARCHIVES DU 7EME ART / PHOTO12 VIA AFP

Virun allem fir Regie-Gréisste wéi de Lars von Trier, Gus Van Sant, Christophe Schlingensief oder och de Quentin Tarantino stoung hie reegelméisseg mat Deels grousse Rolle virun der Kamera.