Police Bitburg sicht bei Lëtzebuerger Grenz no flüchtege Persounen
© AFP/Archiv/Christof STACHE
Wéi de Bitburger Policebüro matdeelt, géif een den Ament no zwou bis véier Persoune sichen, déi Sonndegowend virun enger Policekontroll geflücht sinn.
Dat am Beräich Karlshausen, nëmmen eng 20 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech. Déi verdächteg solle sougenannt "Eigentumsdelikte" begaangen hunn, heescht et vun der Police. Verdächteg Persounen oder Gefierer an der Géigend ronderëm Neuerburg, Karlshausen an der Lëtzebuerger Grenz sollen direkt der Police gemellt ginn, dat ënnert der Nummer +49 6561 - 96850. Et soll ee kee mam Auto mathuelen. D'Bitburger Police geet iwwerdeems dovunner aus, datt déi Verdächteg sech a Bëscher, Schappen oder Scheiere verstoppen.