Michel Lemaire, neien Adr-Deputéierten
E Méindeg de Moie sinn d'Prioritéite vum neien Adr-Deputéierte Michel Lemaire Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Michel Lemaire ass d’lescht Woch fir den Adr-Deputéierte Jeff Engelen an d’Chamber nogeréckelt. Seng Prioritéite wiere Gerechtegkeet, Meenungsfräiheet an Aarmutsbekämpfung.
E Méindeg de Moie froe mir de Michel Lemaire, wat hie sech dorënner genee virstellt a wéi hie sech par rapport zum russesche President Putin an dem Krich an der Ukrain positionéiert.
Donieft schwaetze mir mat him iwwert den Norde vum Land, wou de Michel Lemaire Defizitter gesäit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.