Grousse Succès trotz "Incident" beim israeelesche Stand
Mat Politik oder Relioun wëllt de Bazar International näischt ze dinn hunn. An awer gouf et en Tëschefall ronderëm d’Situatioun am Noen Osten.
De Bazar International gëtt ëmmer méi grouss an zitt och ëmmer méi Leit un. Eng 500.000 Euro wieren zejoert gesammelt ginn an et geet een dovunner aus, dass dëst Joer de Rekord vun den 43.000 Visiteure wäert gebrach ginn. Fir déi 64. Editioun goufe 47 Associatiounen aus 36 Länner selektionéiert, an de Bazar krut 30% méi Surface an der LuxExpo.
Well Lëtzebuerg de palestinensesche Staat unerkannt huet, duerft natierlech och dat Land seng Demande maache fir op de Bazar. Si wiere wëllkomm, insistéiert d’Carmen Decalf. Allerdéngs kéinte si ni all d’Länner acceptéieren. Schonn eleng well se misste gewise kréien, wéi een esou e Stand opbaut, wéi dee soll ausgesinn. D’Presidentin vum Bazar International hat scho Kontakt mat enger Associatioun, déi dëst Joer awer net konnt dobäi sinn.
E Freideg war et deen éischten Optrëtt vum Stéphanie de Lannoy als Groussherzogin um Bazar International. Do war alles friddlech, mee e Samschdeg gouf et en Incident beim israeelesche Stand, wou d’Police huet missen agräifen. Dobäi wiere si weder politesch, nach géif de Bazar fir eng Relioun stoen, seet d’Presidentin.
D’Carmen Decalf ass begeeschtert vun der Aarbecht, déi d’Benevolle fir hir Cause maachen an ass houfreg op dat, wat hiert Engagement am humanitäre Secteur fäerdeg bréngt.









































































































































































































































