Zu München gouf e Sonndeg eng Fra vun de Pompjeeë mat enger Seelwann vun engem Tuerm aus ronn 60 Meter Héicht gerett.

Wéi d'Pompjeeë selwer matdeelen, wier déi 35 Joer al Fra beim Ofstig vun der Aussiichtsplattform vum Tuerm "Alter Peter" zu München gefall an hätt sech dobäi schwéier blesséiert.

Eng Ambulanz an den Noutdokter wieren zwar op der Plaz gewiescht, konnten d'Fra awer net duerch dat enkt Trapenhaus transportéieren. Wéinst hire Blessuren hätt d'Fra de Pompjeeën no awer missen am Leie gerett ginn. Eng Klammekipp vun de Pompjeeën hat dofir eng Seelwann vun der ronn 60 Meter héijer Plattform bis op de Buedem installéiert.

Zréck um Buedem gouf déi Blesséiert mat der Ambulanz an eng Klinik bruecht. Wéi d'Fra gefall war, hunn d'Pompjeeën net genee matgedeelt. D'Aktioun hat op alle Fall vill Spectateuren um "Petersplatz" ugezunn. Nom gelongenen Asaz hätt et de Pompjeeën no esouguer Applaus ginn.

Den "Alter Peter" ass den Numm fir den Tuerm vun der eelster Porkierch vu München an zielt zu de beléiftsten Aussiichtsplattforme vun der Stad.