D'Situatioun wier natierlech net einfach fir déi eeler Leit gewiescht, esou den Infirmier. Virun allem wëll am Ufank de Besuch vu baussen a villen Haiser guer net, respektiv just ënnert ganz strengen Oploe méiglech war. Ma d'Fleegepersonal hätt no Alternative gesicht. De Christophe Baden erënnert sech.
„Mir hunn Besucherreegelen agesat, dat heescht mir haten hei Ufanks guer kee Besuch agesat, d'Leit konnten net bei eis Clienten hei kommen. D'ganz Famill muss dobausse bleiwen, just de Kontakt mam Tablett, fir Video-Telefonie ze maachen, dat ass gaangen, oder just fir ze telefonéieren. Dat hu mir eise Leit dann och emol bäibruecht, wéi dat da fonctionéiere kann.“
An iwwer 15 Fleege- an Altersstrukturen am Land gouf et Fäll vu Corona-Infektiounen. Am Cipa zu Jonglënster blouf een awer verschount.
„Jo Gott sei dank. Also bis elo, ech klappen op Holz, ass wierklech näischt era komm. Et ass ee selwer, jiddereen ass selwer an der Rei, fir ze kucken, dass et esou bleift. Säit elo d'Personal, säit elo d'Famillen, déi erëm an d'Haus era kommen, oder Bewunner selwer ënnereneen. Jo, hoffentlech bleift et esou.“
D'Dankbarkeet fir d'Aarbecht am Gesondheetssecteur ass den Ament héich. De Christophe Baden hofft, dass déi Dankbarkeet bleift an d'Aarbecht vum Gesondheetspersonal weiderhin esou respektéiert gëtt.
LINK: Summerinterview - Christophe Baden: Corona-Mesuren a ville Fleege- an Altersheemer besonnesch strengLINK: Summerinterview - Jean-Luc Thill: Philosophesch Froen an der KrisLINK: Summerinterview - Michel Welter/Atelier: Artiste-Secteur hat Problemer, sech iwwer Waasser ze halenLINK: Summerinterview - Ines Kurschat / Presserot: D'Aarbecht vun de Journaliste war wärend der Kris "systemrelevant"LINK: Summerinterview - Géraldine Krier: Schoul a Coronavirus
