Am RTL-Summerinterview huet de Michel Welter vum Atelier iwwert d'Commercen an d'Artiste-Branche geschwat, déi enorm ënnert der Corona-Kris gelidden hunn.

Zanter dem 29. Februar kee Concert méi...d'ganz Ekipp ass am Chômage partiel. An der Theorie hätt de Concertssall ''den Atelier'' an der Hollerecher Strooss seng Dieren zwar nees kënnen opmaachen. Mä bis elo wär dat duerch déi sanitär Reegelen net méiglech gewiescht, op alle Fall net ouni Konzept. Genee dat Konzept wär awer elo do, sot de Michel Welter vum Atelier an eisem RTL-Summerinterview.

Op Nofro hin, ob nach géing Hoffnung bestoen, huet de Michel Welter gemengt, dass et Momenter ginn, an deenen een d'Hoffnung opgëtt, mee dass si ni ganz verschwënnt:

„T'ass sou e komeschen Up and Down. Et ass ee mat Momenter motivéiert an et denkt een, dat do geet erëm, et kënnt eng Kéier e Vaccin, mir packen dat, mee genau d'selwecht sinn och Momenter do, wou een einfach keng Luucht um Enn vum Tunnel gesäit an éierlech gesot e bëssen d'Flemm kritt, well een d'Diere muss zouloossen. Et verstëbst alles e bëssen, mat Momenter ass et schonn tough."

Michel Welter Extrait 1

Donieft huet den Chef vum Atelier confirméiert, dass d'Aktivitéiten am Hollerecher Concertssall am Hierscht nees ufänken. Allerdéngs ginn déi Concerte just ënnert strikte sanitäre Mesuren organiséiert, wéi Maskeflicht an Temperatur-Check.

„Lo ginn et awer eng Rëtsch sanitär Mesuren, déi eis erlaben, eng Aktivitéit ze maachen. A savoir, et muss sëtzend sinn, wann ee kee Mask huet, muss een eng Distanz respektéieren. Déi Mesurë maachen, dass 'dans un premier temps' eng Aktivitéit am Atelier en tant que telle net méiglech war. Et kann een net Leit stoend an den Atelier setzen an dann do eng Distanz respektéieren. Et ass do, wou mer wollten e bëssen an eng Richtung schaffen an e Konzept developpéieren, wou mer trotzdeem kënnen eng Offre culturelle ubidden."

Michel Welter Extrait 2

Mee trotz der grousser Perte, déi den Atelier dëst Joer gemaach huet, sot de Michel Welter awer, dass een e gutt Joer 2019 hat, dat et der Firma erméiglecht, d'Perte gréisstendeels ze decken.

An den nächsten Deeg proposéiere mir Iech nach aner Summer-Interviewe mat Mënschen, déi op déi eng oder aner Manéier besonnesch vun der Corona-Kris getraff goufen.