Philosophesch Froen an der Kris
Wärend an nom Confinement war d'physesch Gesondheet nieft der Wirtschaft e Phenomen, deen net z'ignoréieren ass.
D'Corona-Kris wäert eist d'Zesummeliewe warscheinlech fir ëmmer veränneren. Se markéiert e Broch. D'Philosophie interesséiert sech fir esou fundamental Changementer, well déi existenziell Froen nees gestallt ginn. Wéi soll ee Liewen? Wat ass enger Gesellschaft wichteg a wat sinn hir fundamental Wäerter? De Jean-Luc Thill ass Philo-Professer an hie war Invité am RTL-Summerinterview.
A puncto Solidaritéit an Empathie huet de Jean-Luc Thill fonnt, dass dës zwee Facteuren effektiv schwiereg ze respektéiere gewiescht wieren, well se sech vill wärend der Kris gewandelt hunn an ee sech engem onsiichtbare Feind hätt misse stellen. Solidaritéit wier ee schwéiere Begrëff, well ee sech jo d'Fro kéint stellen, ob et net méi een Appell un d'Empathie wier, fir sech och op deen aneren anzeloossen, well déi grouss Schwieregkeet vun der Situatioun wier, dass een de Virus net gesäit, sou de Professer.
Op d'Fro, wéi de Jean-Luc Thill d'Situatioun géing an e puer Joer gesinn, konnt hie just eng Aschätzung ofginn, mee hofft, dass d'Liewe bis dohinner erëm méi "normal" gëtt.
Wat ee geléiert hätt, sou de Jean-Luc Thill, wier vläicht schwéier festzestellen, mee wa bis ee Vaccin do wier, wann et ee gëtt, respektiv wann deen natierlech net konnt behollef ginn, da géinge mer eng Well virfannen, déi ganz ustrengend wier. De Professer ass der Meenung, dass, wann deen Effort net funktionéiert, fir dat an de Grëff ze kréien, well dann iergendwann déi Suerg do wier, dass wann déi Vernonft esou schléift, dass déi Ongeheier erauskommen, da wier an där Situatioun de Fall, dass anescht probéiert géing ginn, dat Liewen zeréckzekréien, wat een hat, respektiv déi Aktivitéiten, déi een hat.
De Jean-Luc Thill huet och gemengt, dass dës Pandemie ganz sécher an d'Geschicht ageet, well et jo eng ganz Generatioun markéiert hätt.
All d'Summer-Interviewen am Iwwerbléck
LINK: Summerinterview - Géraldine Krier: Schoul a Coronavirus