Summerinterview - Ines Kurschat / PresserotD'Aarbecht vun de Journaliste war wärend der Kris "systemrelevant"

Pierre Jans
Nieft den Dokteren, Infirmieren a Policebeamte waren ënnert anerem och d'Journalistinnen a Journaliste "systemrelevant".
De Ganzen Interview
Am RTL-Summerinterview huet de Pierre Jans mam Ines Kurschat iwwert d’Aarbecht vun de Journaliste/Medie wärend der Kris geschwat.

Dat sot d’Ines Kurschat, Generalsekretärin vum Lëtzebuerger Presserot a selwer Journalistin bei der Zeitung Lëtzebuerger Land, am RTL-Summerinterview.

“Systemrelevant ware si ganz sécher. Ouni déi Informatioune vu Journalisten a Journalistinnen hätte mir natierlech net gewosst, souwuel wéi sech déi Kris entwéckelt, wat fir Verhalensreegele musse kommen, ob alles funktionéiert, souwéi et soll, och an engem Krisenzeenario, also géif ech scho soen, si ware systemrelevant.”

D’Ines Kurschat kann d’Reprochen, d’Press hätt am Ufank vun der Corona-Kris ze regierungstrei bericht, novollzéien. D’Journalistin feiert dat awer dorop zeréck, dass den Accès un d’Donnéeë limitéiert gewiescht wär. D’Regierung misst sech dem Ines Kurschat senger Meenung no Gedanke maachen, ewéi si hir Informatiounspolitik verbessere kann. Fir d’Ministere géif dat e groussen Challenge bleiwen.

“Fir eis ass et awer och en Challenge. Ech mengen, dass déi Medien elo och e Balanceakt musse maachen tëschent net a Routine ze verfalen an net ëmmer dat selwecht ze soen, a gläichzäiteg Sujeten net ze vergiessen, déi och relevant sinn. Et gëtt vill Sujeten, déi och ausserhalb vu Lëtzebuerg relevant sinn. Awer fir elo eng Informatiounspolitik hinzekréien déi eis Bierger souzesoe genuch informéiert, déi awer och eng Krisekommunikatioun an der Routine, dat mengen ech, ass en Challenge.”

D'Aarbecht vun de Journaliste war systemrelevant wärend Kris
Nieft den Dokteren, Infirmièren a Policebeamte waren ënnert anerem och d’Journalistinnen a Journaliste “systemrelevant”, sou d’Ines Kurschat.

All d’Summer-Interviewen am Iwwerbléck

LINK: Summerinterview - Michel Welter/Atelier: Artiste-Secteur hat Problemer, sech iwwer Waasser ze halen

Back to Top
CIM LOGO