Auto mat Placken, déi ee verstoppe kann, ënnerwee

© Input Presse
Um Sonndeg de Mëtteg huet déi däitsch Police en Auto op der Nordschleife ugehalen, deen duerch e Mechanismus seng Placke verstoppe kann.
Der Police war en Auto opgefall, bei deem ee keng Placken erkenne konnt. Dowéinst hunn d'Beamten d'Gefier an den Automobilist méi genau kontrolléiert an hunn dobäi net schlecht gestaunt.
D'Gefier, dat a Frankräich immatrikuléiert ass, hat en elektronesch steierbare Mechanismus, mat deem de Chauffer zu all Moment, och während dem Fueren, seng Placken eraklappen oder se hannert engem Rollo verstoppe konnt.
Géint den Automobilist, deem d'Gefier och gehéiert, gouf eng Ermëttlung ageleet, och well de Verdacht bestanen huet, datt et sech ëm falsch Placke kéint handelen. Donieft huet hie bei der Police eng "Sécherungsleeschtung" konnte bezuelen. Den Auto huet de Chauffer misste stoe loossen, bis den agebaute Mechanismus onbrauchbar gemaach gouf.