D'Parkingssituatioun an der Gemeng Munneref bleift eng grouss Erausfuerderung, fir d'Awunner a Leit, déi reegelméisseg op Besuch kommen.

"Et gëtt vill geschafft“, seet e Mann um Mikro vun RTL. Anerer schwätze vun "enger Katastroph“ a warnen, datt een am Moment méi Zäit aplange muss, fir iwwerhaapt eng Plaz ze fannen.

D’Leit si genervt: "D’Parkingssituatioun ass eng Katastroph"

De Buergermeeschter Steve Reckel bestätegt am Gespréich mat RTL, datt d’Zoustänn am Moment net agreabel wieren. Den Ament géif et vill Chantieren an der Gemeng ginn. An der Gemeng wier nach ëmmer genuch Parkraum: "Mir hunn nach vill Parkplazen, mee net ëmmer an all Quartier. Hei niewent der Gemeng zum Beispill si Mëtteg Plaze fräi.“

Ronderëm den Domaine Thermal ass d’Situatioun besonnesch schwiereg. Wéinst dem Transformatiounsprojet si weider Parkplazen temporär ewechgefall.

"Do ass d'Situatioun am Moment ganz schwiereg“, erkläert de Steve Reckel.

"Dat ass schonn zanter engem Joer esou, mee den Ament, wou d''Base de vie'opgeriicht gëtt, si nach méi Plazen ewechgeholl ginn.“

Gemeng war net informéiert

Datt déi Plazen esou kuerzfristeg verschwonne sinn, wier och fir d’Gemeng onerwaart komm.
"Mir sinn net informéiert ginn. Den Domaine Thermal huet d’Info och ganz spéit krut."

Elo versicht ee séier ze reagéieren a koordinéiert Alternativen ze fannen. Eng konkret Mesure ass schonn ëmgesat: "De Casino hëlleft an et gi 50 Parkplaze fir d’Personal fräigestallt."

Fir d'Clienten an d’Participante vun de Coursen am Domaine Thermal ginn aner Optiounen analyséiert, dorënner och d’Iddi, op de Futtballterrain auszewäichen a mat enger Navette ze schaffen.

Parallel wëll d’Gemeng d’Awunner sensibiliséieren, d’Busverbindungen ze notzen: "Mir hunn 2.000 Parkplazen a Munneref. Heiansdo muss een eben och mol 500 Meter goen.“

Chantier an der Haaptstrooss: Sechs Méint virum Zäitplang

E weidere Stressfacteur ass de grousse Chantier an der Haaptstrooss, un deem d’Gemeng zanter méi wéi 15 Joer schafft. De Steve Reckel ass optimistesch: "Mir sinn am Moment sechs Méint virum Zäitplang an ech rechnen domat, datt mer am Juni oder Juli vum nächste Joer fäerdeg sinn."
D’Haaptstrooss kritt eng komplett nei Optik, se gëtt méi enk an esou méi sécher fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Zil wier et, d’Visibilitéit an d’Attraktivitéit vu Munneref an dem Domaine Thermal däitlech ze verbesseren.

Zousätzlech 200 Parkplaze beim Domaine Thermal

Kloer ass och, datt den Domaine Thermal selwer no der Erweiderung zousätzlech Parkplaze muss schafen. Eng Etüd leeft nach, mee de Buergermeeschter vu Munneref geet dovun aus, datt normalerweis zousätzlech ronn 200 Parkplaze gebraucht ginn.

Wéinst dem Chantier si verschidde Parkplaze fir Persoune mat enger Behënnerung temporär verschwonnen. Hei hätt ee misse Kompromësser maachen, d'Gemeng géif och hei u konkreete Léisunge schaffen.