"Mir wëlle keng Accidenter méi op där Plaz"
























Dräi Woche Plo fir duerno eng zolidd Verbesserung vun der Situatioun. Dat gëtt sech op der N5 tëscht Péiteng a Käerjeng erhofft.
Tëscht Käerjeng a Péiteng ass zanter e leschte Méindeg an nach bis e Freideg de 5. Dezember d'N5 gespaart. Dëst ass d'Lëtzebuerger Strooss an d'Rue de la Reconnaissance Nationale. Hei koum et dacks zu Accidenter. No den Ëmbauaarbechte soll et besser goen. "Et ass eng Kräizung, wou och net iwwerall en Trottoir war an dofir hu mir zesumme mat der Gemeng Péiteng a Ponts et Chaussées e Plang ausgeschafft fir op där Kräizung Rout Luuchten ze maachen, den Trottoir auszebauen an d'Reseauen z'amenagéieren", esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter RTL géintiwwer.
Schantje fir 6 Méint oder 3 Wochen?
Dës zwou Alternativen haten d'Gemengeresponsabel vu Péiteng a Käerjeng fir d'Aarbechte vum Schantjen. Et gouf decidéiert, d'Strooss fir dräi Wochen zouzemaachen. Sou kann alles, wat am Stroosseberäich muss geschafft ginn an där Zäit och gemaach ginn. "Mir hu léiwer dräi Wochen zou, wéi wa mir 6 Méint mat Roude Luuchte misste fueren", erkläert de Michel Wolter am RTL-Gespréich.
Fir de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf wär et och wichteg, un den ëffentlechen Transport ze denken. "Den ëffentlechen Transport z'organiséieren, ass vill méi schwéier mat Roude Luuchten. Fir d'Busser ass et vill méi einfach, wa gewosst ass, dass eng Deviatioun ze fueren ass an duerno gëtt et erëm normal".
"Mir erhoffen eis duerch des Upassunge keng Accidenter méi op där Plaz an zweetens e bessere Floss vun den Autoen. Lo gëtt nämlech gereegelt, wien zu wat fir engem Ament ka fueren. Sou kréie mir méi Autoen duerch dës Kräizung an eng wesentlech Verbesserung fir d'Foussgänger", esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter.
Nerven ewéi Stoldrot gi gebraucht
Bis de 5. Dezember brauchen d'Automobilisten, d'Camions- a Buschauffer Nerven ewéi Stoldrot. Wëll ee Richtung Frankräich oder d'Belsch fueren, misst ee méi Minutte fir den Trajet aplangen - tëscht 20 bis 30 Minutte méi. Éischter fortfuere wär och eng Alternativ. Oder d'Plaz groussraimeg ëmfueren, iwwer Nidderkuer oder Kënzeg. "Dat ass eng vun de Problematiken, déi mir hei hunn." Dofir géif de Contournement néideg ginn, fir d'Zentre vum Kordall z'ëmfueren.
D'Collectrice op véier Spueren auszebauen, schéngt fir de Jean-Marie Halsdorf, Buergermeeschter vu Péiteng, eng logesch Konsequenz ze sinn.
Bis de 5. Dezember bléift d'N5 also tëscht Käerjeng a Péiteng zou. Vun Niklosdag un dierft d'Situatioun sech dann nees entspanen.