Respektéieren d'Automobilisten d'Spuer fir de Covoiturage?
Zënter Mäerz ass déi drëtt Spuer op der Diddelenger Autobunn op. Et ass eng vun de Strecken hei am Land, wou et zu de Stousszäiten zu vill Verkéier kënnt.
Fir de Stau e bëssen opzefänken, gouf eng drëtt Spuer, déi sougenannt Covoiturage-Spuer, bis ewell op de leschte Kilometer virun der Stad opgemaach. Dës speziell Spuer ass un änlechen Initiativen aus anere Länner inspiréiert a soll e méi nohaltegt Fuere fërderen. Nëmme Bussen oder Gefierer mat op d'mannst zwee Passagéier däerfe se benotzen.
Den Zuele vum ACL no, déi de Ministère och confirméiert, notzen zu de Spëtzestonnen 4.000 Autoe pro Stonn dësen Deel vun der A3. Am Ganze fueren eng 80.000 Gefierer pro Dag iwwer d'Diddelenger Autobunn.
Ganz rezent goufen op dëser Plaz zwee Radaren installéiert, déi ënner anerem solle kontrolléieren, ob dann och genuch Leit an den Autoe sëtzen.
Wéi dat Ganzt funktionéiert, ob et Friichten dréit an ob d'Leit sech och wierklech drun halen, huet eng RTL-Ekipp op der Plaz probéiert erauszefannen.