En Dënschdeg um Hallefnuecht ass et nees eng Präisbaisse beim Diesel a Masutt. Och den 98er Bensinn gëtt méi bëlleg.

Beim Diesel ass et eng Baisse vun 3,6 Cent op dann nach 1,496 Euro de Liter. Den 98er Bensinn gëtt iwwerdeems 3 Cent méi bëlleg a kascht dann nach 1,606 Euro de Liter.

Beim Masutt (10 ppm) ass et eng Baisse vun 3,8 Cent op 0,924 Euro de Liter.

RTL

© RTL Grafik