Vun en Donneschdeg Hallefnuecht u gi souwuel den Diesel wéi och de Masutt ee gudde Krack méi deier.

Méi genee ass et eng Hausse vu 6 Cent beim Diesel, wouduerch de Liter vun en Donneschdeg un 1,532 Euro kascht. De 95er Bensinn war dës Woch e bësse méi bëlleg ginn, esou datt de Präis dann hei ënner deem vum Diesel läit.

Beim Masutt (10ppm), geet de Literpäis ëm 5,9 Cent erop. Hei läit een da bei engem Präis vun 0,962 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik