Offer an Horairë vu verschiddenen Zuchlinne ginn ugepasst
Am Keeldall, op der Nordstreck an och op der Streck fir op Libramont kënnt et zu Upassungen.
Méi Zich am Keeldall
Bis ewell fueren am Keeldall, also tëscht Näerzeng a Rëmeleng, siwen Zich pro Dag. Dat wäert sech vum 14. Dezember un awer massiv änneren. Zu Spëtzenzäiten, also tëscht 6 an 8 Auer esou wéi och tëscht 16 an 19 Auer, wäerten zwee Zich pro Stonn fueren. Ausserhalb vun de Spëtzenzäiten ass et nach ee pro Stonn.
Och wäert een d'Offer an dësem Beräich besser un déi aner Zuchverbindungen an d'Busverbindungen am Süden upassen
Nordstreck: Méi Zich um Weekend an op de Feierdeeg
Um Weekend an op de Feierdeeg wäerten an Zukunft véier Zich pro Stonn tëscht der Stad an Ettelbréck fueren esou wéi och zwee Zich tëscht der Stad an Ëlwen an dat net nëmmen, wéi bis ewell, a bestëmmten Zäiten, mä iwwert dat ganzt Joer. Als Erklärung heescht et vun den CFL, datt sech tëscht 2019 an 2024 d'Passagéier, déi um Weekend d'Nordstreck notzen, méi wéi verduebelt hätten.
Tëscht der Stad a Libramont: Méi séier an ouni ëmzeklammen
An Zukunft soll ee méi séier an ouni ëmzeklammen, aus der Stad kënnen op Libramont fueren. Fir dat ze garantéieren, wäerte vum 14. Dezember u verschidden Zich vun den CFL net méi just tëscht Lëtzebuerg an Arel zirkuléieren, mä si wäerte bis op Libramont weiderfueren. Domadder wëll een d'Zäit, déi d'Passagéier op dëser Streck bis ewell gebraucht hunn, reduzéieren.