VIDEO: Abtei NeimënsterMozArt Group beim 5. Festival vun der polnescher Kultur

De 5. Festival de la culture polonaise au Luxembourg leeft vum 13. Abrëll bis den 11. November.

Mozart Group beim 5. Festival vun der polnescher Kultur (15.04.2018)
De 5. Festival de la culture polonaise au Luxembourg leeft vum 13. Abrëll bis den 11. November.
E Freideg den owend war an der Abtei Neimënster déi éischt Manifestatioun : e Concert vum polnische Quartett MozArt Group. Dat ass klassisch Musek op engem witzegen Hannergrond.

Souguer eis Kollegen vun der polnescher Télé wollte sech den Ufank vum polnesche Festival net entgoe loossen. Hir Interviewen konnte natierlech laang net sou witzeg sinn, wéi d’Prestatioun vun de 4 polnische Museker.

Die kleine Nachtmusik vum Mozart mol anescht. Zënter 23 Joer hunn déi 4, déi sech als Studente fonnt hunn, Spaass op der Bühn , mat der Musek a mat sech. De Grupp verfollegt zwar kee pädagogescht Ziel - soen se – , mee  et gëtt ee klenge kulturelle Kolateralschued dee gär gesinn ass: Zauberflöte, verzauberte Mozart, verzauberte Public!