D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Dës Woch am Passepartout reese mir an d’Réimerzäit. Mir ginn an d’Renaissance bei de Leonardo Da Vinci. An mir weisen iech en Haus mat enger ganz besonnescher Geschicht.

D’Maison Heler geheiert mëttlerweil zu engem vun de Warzeechen vu Metz, ma wat huet et mam Haus um Haus op sech? An eiser däitscher Nopeschstad Tréier kucke mir op déi grouss Landesausstellung iwwert de réimesche Keeser Marc Aurel.

Am drëtten Deel Presto gëtt d’Geschicht vun der Mona Lisa weider erzielt a mir waren och nach am Kapuzinertheater an an de Kino.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!