Dürrenmatt-Klassiker am Mierscher Theater
D’Komedie behandelt, wéi vill Wierker vum Dürrenmatt, Theme wéi Schold a Gerechtegkeet.
"Die Panne" erzielt d’Geschicht vum Alfredo Traps, dee wéinst enger Auto-Pann an enger Villa ënnerkënnt, an där sech reegelméisseg e pensionéierte Riichter, e Procureur, en Affekot an en Henker op e Patt treffen, fir al Prozesser nozespillen. Den Alfredo Traps soll d’Roll vum Ugekloten iwwerhuelen.
D’Bün ass e grousse Billardsdësch. Zum Engen ware Billards-Dëscher zu där Zäit, an där d'Stéck spillt, e beléifte Miwwelstéck, dat een dacks a groussen Haiser fonnt huet, an zum anere steet e symbolesch fir d’Spill.
Am Laf vum Stéck gëtt et ëmmer méi dekadent. D’Madamm vum Haus fëllt ëmmer rëm déi eidel Wäiglieser op a lues a lues schéngen d’Realitéit an d’Geschicht, déi ronderëm dem Alfredo Traps säi Liewe konstruéiert gëtt, ze verschmëlzen.