Zu London ginn Instrumenter an Accessoire vu berüümte Museker versteet

© JUSTIN TALLIS / AFP
Zu London ass dës Woch eng Auktioun, déi besonnesch d'Fans vu Rock- a Pop-Musek dierft interesséieren.
Bei enger Auktioun ginn nämlech esouwuel Instrumenter, ewéi och Accessoire vun enger ganzer Rei berüümte Museker versteet.
Den Highlight dierft dobäi wuel eng semi-akustesch Gittar vun der Mark Gibson sinn. Dës huet dem Gittarist vun der Band Oasis, also dem eelere vun den zwee Gallagher-Bridder, dem Noel gehéiert. Wat dës Gittar esou besonnesch mécht, ass de Fait, dass se direkt an de Sträit tëscht den zwee Bridder verwéckelt war, deen 2009 zu der virleefeger Opléisung vun der Band gefouert hat. Deemools hat de Liam Gallagher d'Gittar nämlech wärend engem Sträit mat sengem Brudder am Backstage vun engem Concert geholl an domat ëm sech geschloen.
D'Gittar ass 2022 schonn eng Kéier ënnert den Hummer komm. Deemools hat se fir 385.000 Euro de Besëtzer gewiesselt. Ma Experte ginn dovun aus, dass se wéinst dem Interessi, deen no hirer Reunioun un der Band entstanenen ass, dës Kéier nach méi Sue wäert abréngen. Et geet ee vun engem Verkafspräis vu 500.000 Pond aus.
Ma och eng aner Gittar, déi eng wichteg Roll an der Geschicht vum Brit Pop gespillt huet, kënnt dës Woch ënnert den Hummer, nämlech d'akustesch Gittar vun der Mark Takamine, mat där den Noel Gallagher de Welthit Wonderwall agespillt huet.
Nieft den zwou Gittare vun Oasis ass e Sonnebrëll, deen den John Lennon wärend senger "Lost Weekend Period" ugangs den 1970er Joren zu Los Angeles gedroen huet, ee vun den Highlighte vun der Stee. Hei gëtt mat engem Verkafspräis vun ëm déi 300.000 Pond gerechent.
Donieft ginn ënner anerem nach de wäissen Hutt, deen de Michael Jackson 1988 am Video zum Lidd "Smooth Criminal" unhat an e Sonnebrëll vum Elvis Presley versteet.