1. Plaz fir de Jhemp Hoscheit, d'Maude Blaschette wënnt bei de jonken Auteuren

© pexels.com
D'Gewënner vun der Editioun 2025 vum nationale Literaturconcours sti fest.
De Jury, dee vum Antoine Pohu presidéiert gëtt an an deem d'Sofia Cumming, d'Sonia Da Silva, den Helmuth Sperl an d'Jil Weiler sinn, huet tëscht 56 Kandidatinnen a Kandidaten ausgewielt. An der Kategorie vun de jonken Auteuren an Autorinnen tëscht 12 an 19 Joer gouf et fënnef Kandidaturen.
De Gewënner vum nationale Literaturconcours ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Buch "Den Impakt vu Klappentexter". Den zweete Präis geet un de Roman "Neel mat Käpp" vum Cathy Clement an den drëtten un "Die Elefantenhaut" vum Guy Helminger.
De Präis fir déi jonk Auteuren tëscht 12 an 19 Joer geet un d'Maude Blaschette fir de Roman Silent Screams.
D'Editioun 2025 vum Literaturconcours huet sech op Romaner konzentréiert déi op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch oder Däitsch geschriwwe goufen. Déi offiziell Präisiwwerreechung ass den 2. Dezember am CNL zu Miersch. Déi nächst Editioun steet da ganz am Zeeche vun der Poesie.