Iron MaidenVirverkaf en Dënschdeg! Éischt Ticks elo schonn op RTL.lu!

Am Kader vun hirer "The Book Of Souls - World Tour" kommen d'Rocker vun Iron Maiden och op Lëtzebuerg, dëst den 2. August 2016 an d'Rockhal.

No hirer Open-Air-Show 2014 um Herchesfeld zu Réiser kënnt di legendär Band also zréck op Lëtzebuerg.

De Virverkaf fänkt en Dënschdeg 26. Januar um 6 Auer moies am Atelier selwer un. Et kann ee maximal 2 Ticketen op de Kapp kafen. Et si "Collector Hard Tickets", déi engem och nach erméiglechen, virum Concert 15 Minutten éischter an d'Rockhal eranzekommen. Vun 10 Auer u ginn dann déi "normal" Ticketen an d'Vente ... wann der dann nach do sinn.

Den Atelier offréiert iwwregens de motivéierte Fans, déi sech en Dënschdeg an d'Schlaang stelle ginn, gratis Donuts a Kaffi vu 5 Auer moies un.


RTL.lu gëtt Iech elo d'Geleeënheet, fir beim Concert gratis mat derbäi ze sinn OUNI SECH MUSSEN AN D'SCHLAANG STELLEN ZE GOEN! Wat musst der dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Iron Maiden" an Ären Numm an Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt Är 2 Ticketen.

Vill Gléck!


D'Tickete ginn e Méindeg 25. Januar verspillt!


Iron Maiden war jo schonn 2014 fir e Concert zu Lëtzebuerg. De Concert war bannent Rekordzäit ausverkaf, a gouf du wéinst der grousser Nofro vun der Rockhal op d'Herchesfeld verluecht.

Den Atelier deelt mat, dass dëst Joer de Concert egal wéi an der Rockhal wäert gespillt ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.