De fréiere Gittarist a Matgrënner vun der US-amerikanescher Band Kiss ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Dat huet seng Famill der AFP confirméiert. Hie wier doheem am Entourage vu senger Famill verscheet, nodeems hie viru kuerzem gefall war.

Den Ace Frehley huet am Joer 1973 zesumme mam Paul Stanley, Gene Simmons a Peter Criss d'Rockband Kiss gegrënnt, déi ënner anerem och duerch hire spezielle Maquillage am Gesiicht an hir exzentresch Kleedung op der Bün séier Kult ginn ass. Mat Lidder wéi "Rock and Roll All Nite" oder "I Was Made For Lovin' You" huet Kiss weltwäit méi wéi honnert Millioune Placke verkaf an d'Leit bei spektakuläre Concerte begeeschtert.

Déi fréier Membere vun der Band hu sech nom Dout vum Ace Frehley via X och ze Wuert gemellt an hien en "essentiellen an onersetzleche Rock-Soldat" genannt. 1982 hat den Ace Frehley Kiss wéinst kreativen Differenzen an och Drogemëssbrauch verlooss. An den 1990er Jore koum et dann nach eemol fir sechs Joer zu enger Wiedervereenegung.