Deen neie Science Comic mat Lëtzebuerger Geschichten
Dës Woch ass deen neie Science Comic LUX:plorations eraus komm. Et ass schonn dee 4. Band, an deem Doktoranden déi op der Uni Lëtzebuerg fuerschen iwwert hir Aarbecht informéieren. A wie bis elo ëmmer gemengt huet, datt Wëssenschaft eng immens dréche Matière ass, dee léiert hei nees, datt dat net wouer ass.
A véier verschiddene Geschichte geet et ëm Themen ewéi Nohaltegkeet um Bau an am Weltraum, ëm Dyslexie, ëm d'Gehier an ëm Kriibs. Déi véier Geschichte sinn all Kéiers vun anere Wëssenschaftler geschriwwe ginn, an och vu verschiddene Lëtzebuerger Comiczeechner an Zeechnerinnen an d'Zeen gesat ginn. An dertëscht gi se all matenee verbonnen, esou datt sech dëse Band, bal nach méi ewéi déi virdrun, ewéi eng eenzeg Geschicht liest.
Eng vun de Kënschtlerinnen déi un dësem Comic matgeschafft huet ass d'Nora Back. Hir Aarbecht am neie LUX:plorations ass och deen éischte Comic vun hir, dee publizéiert ginn ass. Wéi si op der Luxcon gefrot ginn ass, ob si Loscht hätt un deem Projet matzeschaffen, huet si net laang gezéckt. Zesumme mam Citlali Bruce Rosete a Monica Laisun Louie huet si d'Geschicht "Echo aus der Zukunft" realiséiert. "Buschtawenzalot am Kapp" baut op d'Aarbecht vum Anxhela Sulaj a Claire Gigleux op, an ass vum Vincent Biwer gezeechent ginn. "D'Neuronauten" sinn d'Melanie Jorge Canelas an den Amaury Barillon, mat Zeechnunge vum Marion Dengler. A "Gutham City: Eng béisaarteg Geschicht" ass vum Pascale Velleine gezeechent ginn, op Basis vun der Fuerschung vum Maria Stepanyan a vum Hugues Escoffier.
Bei der Ëmsetzung vun der Geschicht ware si net eleng. Si si vu Mentore begleet ginn, déi net nëmmen de wëssenschaftlechen Deel begleet hunn, mä och als berode konnten, wann et mol op där enger oder anerer Plaz geklemmt huet. Et war ëmmer een Zesummespill, een Austausch tëscht all de Bedeelegten, deen dozou gefouert huet, datt um Enn op nëmme 4 Säiten een Thema konnt erkläert ginn, ouni datt een dobäi ze vill mat Detailer erschloe gëtt, déi awer och net ze kuerz kommen.
LUX:plorations ass eng Form vu Wëssenschaftskommunikatioun. An déi ass, grad an dësen Zäiten, immens wichteg. Nëmme wann ee versteet wat Wëssenschaft mécht, woufir u verschiddenen Theme gefuerscht ginn, a wéi wäit déi sinn, kann een och selbststänneg erkennen, wéini ee Blödsinn erzielt kritt a wéini eng Informatioun fundéiert ass. An dofir muss een net selwer Wëssenschafte studéiert hunn. Eng gutt Wëssenschaftskommunikatioun hëlleft de Prinzip vun der Wëssenschaft, an d'Verstoen dovun, ze fërderen.
Virun allem d'Geschicht déi zu Gutham City spillt weist, datt et och méiglech ass esou een eeschten Thema ewéi Kriibs op eng witzeg Manéier ze erklären, A Form vun engem Krimi mat ville Wuertspiller bréngt déi Geschicht engem d'Entwécklung vu Kriibs méi no, an hëlleft esou och, besser ze verstoen wat do am Kierper geschitt. A sensibiliséiert anengems och op verschidden Depistage Campagnen, zum Deel besser ewéi déi offiziell.
"LUX:plorations, e Fuerschungsuniversum" gëtt et a 5 verschiddene Sproochen, dorënner och Lëtzebuergesch. Déi kann ee gratis um Site vun der Uni eroflueden, a gedréckter Form fënnt een deen neie Band op verschiddenen Evenementer op deenen d'Uni och mat engem Stand vertrueden ass.