Cité de l’Image zu Clierf mat neie Foto-Selektiounen
Ënner fräiem Himmel kann ee Fotoe vu siwen Artisten entdecken, déi sech vum Clierfer Schlass bis erof op d'Gare oder de Lycée Edward Steichen verdeelen.
Fotoe vun der Natur, Portraite, perséinlechen Erënnerungen oder Alldagsgéigestänn. Op aacht verschiddene Sitten uechter Clierf hunn national an international Fotografen den ëffentleche Raum genotzt, fir hir Geschichten ze erzielen. Ënnert dem Titel STORYLINES waren der fotografescher Interpretatioun keng Grenze gesat.
Fir den hollännesche Fotograf Thomas Jansen ass et déi éischte Kéier, datt hien zu Lëtzebuerg ausstellt. 2017 huet hie seng Faszinatioun fir Alldagsgéigestänn entdeckt. Meeschtens sinn et Saachen aus der Kichen oder Liewensmëttel, déi hien a witzeger oder origineller Manéier fotograféiert. Seng Fotoserie “Living Room Safari” stécht virun allem duerch seng lieweg Faarwen aus der aler Schlassmauer eraus.
Ma wärend déi eng Doheem Fotoe maachen, bereesen anerer d’Welt fir hir Projeten. D’Fotografin Karin Schmuck reest fir hir Fotoserie “World’s Ends” zanter 8 Joer op verschidde Plazen, déi eng mythologesch Bedeitung hunn. D’Aarbecht ass opgedeelt a fënnef Etappen a weist keng Persounen, mee just d’Natur a verschidde Mierer.
Ma et ginn awer nach vill aner Fotoe mat intressanten Thematiken zu Clierf ze entdecken. Nieft dem Karin Schmuck an dem Thomas Jansen weisen och nach d’Manon Diederich, d’Anna Krieps, d’Neckel Scholtus, de Pasha Rafiy an den Olivier Schillen hir Wierker.
Zanter dësem Joer hunn och d’Schülerinnen an d’Schüler vum Lycée Edward Steichen e Gaart zur Verfügung gestallt kritt, fir hir Biller ze weisen.
D’Expo an der Cité de l’Image zu Clierf leeft nach bis de 31. Mäerz.