Den nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen ass vun e Freideg un ëm fënnef Traditioune méi räich.

Kënnbakesteeën, Fäsche maachen, Louschläissen, d'Kultur vun de Bongerten a Liichte goe sti vun elo un op där Lëscht. Dat deelt de Kulturministère e Freideg um Dag vum sougenannte "Liewege Kulturierwen" mat.

Fir déi, déi et net wëssen, ass hei nach emol d'Erklärung zu den eenzelen Traditiounen:

D'Stee an d'Seenung vu Kënnbaken (Ënnerkiefer vun engem Schwäin) ass eng Traditioun um Fest vum Hellegen Antonius a vum Hellege Valentin. Fäsche maachen ass d'Fäegkeet, kleng Äscht fir de Broutbakuewen zesummenzebannen. Vum Louschläisse schwätzt een iwwerdeems, wann een d'Schuel (d'Lou) vun enger jonker Eech erofschielt. Bongerten, also Äppelgäert, an d'Traditioun vum Liichte goen ass dogéint warscheinlech deene meeschten ee Begrëff.

Am Nationalen Inventaire vum Immaterielle Kulturierwe sinn iwwer 60 Traditiounen opgelëscht. Dozou gehéieren d’Iechternacher Sprangpressessioun, d'Schueberfouer an Niklosdag.