Formation professionelle ass an der Sakgaass
D'Formation professionelle ass an der Sakgaass a si huet all hir Credibilitéit verluer, sot den SEW en Donneschdeg op enger Pressekonferenz.
Déi neiste Chiffere géife weisen, dass d’Situatioun sech absolut net verbessert huet, mä héchstens verschlechter sou den SEW-Vize-President Jules Barthel. Wat d’Reussitten um Enn vun der Formatioun ugeet léing een ënner 30% bedauert, ähnlech schlecht wéi am alen Niveau.Tëscht der 10e an der 11e hält ronn een Drëttel vun de Schüler op, de sougenannten Décrochage scolaire géif weider an d’Luucht goen. De ganze Service vun der Formation professionnelle ass chaotesch organiséiert, kritiséiert de Jules Barthel vum SEW.
Ee grousse Problemer an den Ae vum SEW sinn d’Modulen, wann een oder méi net gepackt sinn kënnt een trotzdem an d’nächst Joer an et muss ee se nohuelen. Doduerch hätt een eng paradox Situatioun, wann een zum Beispill mat enger 11e op d’Policeschoul wollt goen.
Et wieren net nëmmen d’Gewerkschaften déi kritiséieren, mä och d’Schüler, d’Enseignanten, d’Elteren oder nach d’Chambres professionelles.
De Minister Claude Meisch misst onbedéngt déi néideg Conclusiounen zéien an de System komplett nei organiséieren. Den SEW verlaangt ënnert anerem, dass de Redoublement nees agefouert gëtt an dass d’Franséischt ee Stellewäert behält.