Klore Succès fir ManCity, geckege Remis tëscht Bruges a Barcelona
© OLI SCARFF/AFP
Manchester City war iwwer grouss Deeler vun der Partie déi besser Ekipp um Terrain an huet verdéngt mat 4:1 géint Dortmund gewonnen.
De Phil Foden mat zwee Goler an den Erling Haaland hate Manchester City mat 3:0 a Féierung bruecht. Dortmund ass ze spéit erwächt a konnt duerch den Anton nach op 1:3 verkierzen. Méi war fir d'Ekipp vum Niko Kovac net méi dran. An der Nospillzäit konnt d'Heemekipp duerch den Cherki nach op 4:1 erhéijen.
E geckegen 3:3-Remis gouf et tëscht Bruges géint Barcelona. Newcastle konnt sech donieft 2:0 géint Bilbao behaapten. Fir Benfica mam Leandro Barreiro gouf et déi 4. Defaite an der 4. Partie. Leverkusen huet auswäerts mat 1:0 gewonnen.
Duerchaus iwwerraschend Resultater gouf et an de fréie Partien. Qarabag konnt sech en 2:2-Remis géint Chelsea erkämpfen. Paphos huet eng knapp 1:0-Victoire géint Villareal gefeiert.
Weider Victoirë gouf et fir Inter géint Almaty, fir Galatasaray bei Ajax Amstersam a fir Atalanta zu Marseille.
Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video
Manchester City - Dortmund 4:1
1:0 Foden (22'), 2:0 Haaland (29'), 3:0 Foden (57'), 3:1 Anton (72'), 4:1 Cherki (90+2')
Dortmund huet an den éischte Minutte mat vill Ballbesëtz an héijem Pressing iwwerrascht. ManCity huet 10 Minutte gebraucht fir an d'Partie ze kommen, war an der Suite och déi besser Ekipp um Terrain. An der 10. Minutt konnt de Foden ofschléissen, säi Schoss war awer kee Problem fir de Kobel am Dortmunder Gol.
Mat der zweeter Méiglechkeet ass d'Heemekipp an der 22. Minutt a Féierung gaangen. Dortmund war ze passiv am Mëttelfeld an de Foden huet mat engem präzise Wäitschoss de Ball am Filet ënnerbruecht.
De BVB war elo nervös an d'Skyblues hunn den Drock héich gehalen. An der 28. Minutt konnt de Kobel nach géint den O'Reilly a kuerz drop géint de Savinho paréieren. Eng Minutt méi spéit huet den Haaland mat engem secke Schoss fir den 2:0 gesuergt.
D'Heemekipp huet den Dortmunder nees méi Loft gelooss, blouf am Spill no vir awer geféierlech. De Kobel huet géint de Reijnders misse paréieren (33'). D'Gäscht hu réischt an der 39. Minutt eng éischte Kéier duerch den Adeyemi op de géigneresche Gol geschoss, den Donnarumma huet de Ball awer net laanscht gelooss. Bis an d'Paus goufen et nach méi kleng Chancen op béide Säiten, e weidere Gol sollt net méi falen.
Déi 2. Hallschent war am Ufank nees equilibréiert, éier de Foden mat sengem zweete Gol fir d'Virentscheedung gesuergt huet. De Mëttelfeldspiller konnt op en Neits aus ronn 20 Meter ofzéien an de Ball an de Gol zierkelen.
De Match ass méi roueg ginn an d'Heemekipp huet Dortmund méi an d'Spill komme gelooss. An der Ofwier war d'Ekipp vum Guardiola ufälleg fir Feeler. Den Anton konnt no engem Fräistouss op 1:3 verkierzen.
D'Gäscht hunn nees u sech gegleeft a konnte sech duerch den Adeyemi déi nächst grouss Chance erausspillen. D'Heemekipp huet mam Feier gespillt, bestrooft goufe se awer net méi. Um Enn konnt den Cherki fir ManCity nach de 4. Gol markéieren an huet fir de 4:1-Succès fir seng Ekipp géint Dortmund gesuergt.
Newcastle - Atletic Bilbao 2:0
1:0 Burn (11'), 2:0 Joelinton (49')
Ajax - Galatasaray 0:3
0:1 Osimhen (59'), 0:2 Osimhen (66', Eelefmeter), 0:3 Osimhen (78', Eelefmeter)
Paphos - Villareal 1:0
1:0 Luckassen (46')
Qarabag - Chelsea 2:2
0:1 Estevao (16'), 1:1 Andrade (29'), 2:1 Jankovic (39', Eelefmeter), 2:2 Garnacho (53')
Bruges - Barcelona 3:3
1:0 Tresoldi (6'), 1:1 Ferran Torres (8'), 2:1 Forbs (17'), 2:2 Yamal (61'), 3:2 Forbs (64'), 3:3 Tzolis (77', Selbstgol)
Benfica - Leverkusen 0:1
0:1 Schick (65')
Inter - Kairat 2:1
1:0 Martinez (45'), 1:1 Arad (56'), 2:1 Carlos Augusto (67')
Marseille - Atalanta 0:1
0:1 Samardzic (89')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.