Am Kader vun der Campagne vum Grand-Duché fir e Sëtz am Exekutivrot vun der UNESCO war den Ausseminister op der 43. Generalkonferenz an Usbekistan.

20 Joer, nodeems Lëtzebuerg fir d'lescht Kéier am Exekutivrot vun der Unesco vertruede war, wëll de Grand-Duché elo nees e Sëtz. An deem Kontext war de Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel vum 4. bis de 5. November op der 43. Generalkonferenz zu Samarkand.

"D'Kandidatur vu Lëtzebuerg fir e Sëtz am Exekutivrot vun der Unesco ass eng Kandidatur vum Dialog, vum Zesummeliewen an dem Wëllen, gemeinsam Erausfuerderungen zesummen ze bewältegen", sot de Xavier Bettel zu der Kandidatur vum Grand-Duché, deen a senger Ried déi aktuell Krisen ervirgehuewen, mat där d'Welt aktuell konfrontéiert ass. Virun allem de Klimawandel, d'Remise en question vum Multilateralismus an d'Stäerkung vum Nationalismus wiere wichteg Theemen.

Prioritéite vu Lëtzebuerg fir den Exekutivrot wieren, wéi den Ausseministère schreift, fir d'Educatioun, Kultur, Méisproochegkeet an Interkulturalitéit, Informatioun a Kommunikatioun souwéi Wëssenschaft.

Gewielt gëtt den Unesco-Exekutivrot de 7. November dëst Joer.