Op der A1 a Richtung Stad
27 Joer ale Mann vun Auto ugestouss an déidlech blesséiert
© Domingos Oliveira
Wéi d'Police am spéide Mëttwochowend mellt, koum et op der A1 a Richtung Stad zu engem déidlechen Accident, dat op Héicht vun der Opfaart Senningerbierg.
E 27 Joer ale Mann war ze Fouss op der A1 ënnerwee an ass vun engem Auto ugestouss ginn. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police domadder beoptraagt, d'Ursaach vum Accident erauszefannen. Och eng Autopsie gouf ordonéiert.
Geschitt war den Accident géint 18 Auer, d'Autobunn ass zanterhier och fir den Trafic zou, bis d'Opraumaarbechten ofgeschloss sinn.
Am meeschte gelies