Wéi zwéi jonk Lëtzebuerger Studenten d’Justiz mat kënschtlecher Intelligenz moderniséiere wëllen.

Eng nei Generatioun vu lëtzebuergeschen Entrepreneure wëll bei der Moderniséierung vun der nationaler Justiz e Wuert matschwätzen. Den 20 Joer ale Droit-Student Téo Verchère an de 21 Joer ale Informatikstudent Luis Pérez Sánchez hunn zesummen „Alizé“ entwéckelt – eng kënschtlech Intelligenz, déi d’Aarbecht vu Juristen, Affekoten a Riichter méi effizient maache soll.

D’Iddi koum dem Téo wärend engem Stage an engem Affekotebüro: „Ech sollt no Jurisprudenze sichen, mee déi klassesch Sichmaschinnen hu mer nodeems ech 2,3 Stéchwierder agetippt hunn dacks Dosende Resultater gi mat Deels 100 bis 150 Säite Liesmaterial.“ Wéi hie probéiert huet, mam KI-Chatbot ChatGPT ze schaffen, huet hie séier gemierkt, datt vill vun de Quellen net existéieren oder komplett falsch oder erfonnt waren. „Do hunn ech mech gefrot: Kann een eng kënschtlech Intelligenz iwwerhaapt fiabel maachen?“

Doraus ass Alizé entstanen – eng Plattform, déi nëmmen op ëffentlech juristesch Quellen zréckgräift. Gesetzer, Urteeler a juristesch Doktrinnen. Iwwer 150.000 Dokumenter, dovun eleng 90.000 Urteeler, schafen d’Basis vum System. Den Tool funktionéiert wéi eng intelligent Sichmaschinn, déi net nëmme Stéchwierder erkennt, mee de Kontext vun enger juristescher Fro verstoe soll.

„Dat wichtegst ass d’Vertrauen“, erkläert de Sean Portelada aus dem Alizé-Team. "Bei eis kritt den Affekot ëmmer direkt d’Quell mam Link, esou datt en alles iwwerpréiwe kann. Dat spuert Zäit – heiansdo bis zu zéng Stonnen d’Woch.“

Datt den Tool net just Theorie funktionéiert, weist den Asaz a sëllegen Institutiounen. No siwe Méint um Marché zielt d’Plattform 400 Abonnementer. Ënner anerem bei Philippe & Partners, engem Lëtzebuerger Affekote-Cabinet, gëtt Alizé schonn aktiv benotzt. D’Affekotin Lara Akdime erkläert: „Wat eis gefält, ass d’Fiabilitéit vun de Quellen. Mir kënne juristesch Texter an Urteeler direkt kontrolléieren – dat ass e groussen Avantage am Alldag.“

Trotzdeem bleift fir si kloer, datt d’Kënschtlech Intelligenz kee Mënsch ersetzt. „Et brauch ëmmer eng mënschlech Kontroll. D’KI ass eng Hëllef, kee Substitut.“

Dat gesäit och de Grënner Téo esou: „Mir wëlle kee beruffleche Konkurrenzkampf tëschent Mënsch an Maschinn. Alizé soll den Affekot net ersetzen, mä ënnerstëtzen.“

Fir d’Alizé-Grënner ass kloer, datt de System iwwert déi nächst Méint nach weider soll ausgebaut gi mat neie Funktiounen a prezise Statistiken.