Fondateure wëllen Accès zur Medezin verbesseren
Vum 1. Mäerz u solle Patienten an der Findel Clinic kënne Rendez-vous bei ronn 15 verschiddenen Spezialisten huelen.
Dat vu moies siwe bis owes aacht. Hannert der Iddi stiechen d’Dokteren Alain Schmit a Philippe Wilmes, déi bis viru Kuerzem am Comité vum Doktesch- an Zänndokteschverband AMMD vehement fir méi liberal Medezin agetruede sinn, och mam Argument, Lëtzebuerg wier fir Doktere finanziell net méi attraktiv. Dat hei soll awer kee politesche Projet sinn, betoune si, a riicht sech nom aktuelle gesetzlechen a Konventiounskader.
Vläicht deet et deenen zwee well leed, datt se hire Projet «Klinik» genannt hunn. Well zanter d’Lëtzebuerger Land leschte Freiden iwwert de Projet geschriwwen huet, erkläre si virun allem, datt si weder eng Klinik, nach e Spidol, nach eng Dokteschgesellschaft opmaachen an och keng ambulant Interventioune maachen. Mee eng Plattform fir eng interdisziplinär Gemeinschaftspraxis, wéi de Philippe Wilmes seet:
"Et ginn hei keng Operatioune gemaach. Et gëtt hei keng Radiologie gemaach. Et ginn hei keng Endoskopië gemaach. Also et ginn hei wierklech just déi Saache gemaach, déi an den Dokteschpraxe gemaach ginn. Mee se ginn eeben an der Vernetzung, an der Collaboratioun tëscht deene verschiddenen Doktere gemaach.”
Pediatrie, Psychiatrie, Gynekologie, Urologie, Kardiologie, Pneumologie, Rheumatologie, Neurologie, all dës Spezialisatioune sollen an der Findel Klinik present sinn, amplaz datt sech jeeweils Doktere vun enger Spezialisatioun an enger Praxis zesummen dinn. Den Alain Schmit seet:
“Et ass net innovativ am Ausland, do gëtt et dat och schonn, mee zu Lëtzebuerg an där Form do net. A wa mer ëmmer vun der Vernetzung schwätzen, et ass jo och d'Spezialisten ënnerenee solle vernetzt sinn. Am Spidol fonctionéiert dat ganz gutt, ausserhalb vum Spidol manner gutt. An hei ass eng Offer, déi och erlaabt notamment och den Hausdokteren erëm besser kënnen hir Patienten ze versuergen, well se vläicht e besseren Accès zu engem Spezialist kréien, wann se ee brauchen. Wann se e wëllen heihi schécken.”
D’Patiente missten ze laang waarden, fir en éischte Rendez-vous bei engem Spezialist ze kréien, betounen déi zwee ëmmer nees. Den Accès zur Medezin wier net gutt. Dat och well et net genuch Doktere géif ginn. D’Iddi fir d’Findel Klinik, déi keng ass, koum aus där Iwwerleeung eraus, esou de Philippe Wilmes, wat ee bräicht, fir der méi heihin ze lackelen:
“Wat ass dann haut dat, wat en Dokter stéiert bei senger Praxis? Dat ass oft dat Administratiivt, dat ass dat Organisationellt. Den Dokter wëllt gäre Medezin maachen, dee wëllt sech op säi Patient fokusséieren. An dunn hu mer e Projet konzipéiert, wou eigentlech mir als Déngschtleeschter eis ëm d'Organisatioun vun der ganzer Praxis këmmeren, dat als e Service fir den Dokter ubidden an den Dokter dann hei hinne kënnt an hei seng Praxis an deem Kader opmécht an dann seng Patiente ka behandelen.”
© François Aulner - rtl.lu
Wat déi Déngschtleeschtung kascht, wéi vill d’Dokteren der Gesellschaft musse bezuelen, an där och Investisseuren dra sinn, wéi den Entrepreneur Marc Giorgetti oder de Bankier Marc Hoffmann, wëlle si konkret net soen. A well d’Dokteren, déi hir Consultatiounen do maachen, och just der CNS hir Acten kënne verrechnen ass weder kloer, wou de finanziellen Ureiz fir d’Dokteren ass, nach, wéi den Invest an d’Findel Klinik rentabiliséiert soll ginn. Ma dat géing hei net kuerzfristeg gekuckt, esou den Alain Schmit, an de Philippe Wilmes seet dobäi:
"A wann Der bedenkt, wat fir eis wichteg ass an deen Haaptinvest, dee mer kënnen zréckkréien, dat ass wa mer zefridden Dokteren hunn an dann deementspriechend och zefridde Patienten, a wann et rullt, a wann de Modell fonctionéiert, de Modell och weider ze entwéckelen an domadder vläicht nach méi zu der Léisung vun deem Problem vum Accès zu der Medezin, zum Accès vum Dokter, vun de Patiente kënne bäizedroen. Dat ass fir eis ganz kloer prioritär an do schaffe mer drun. An den Haaptinvest, dee mer hei maachen, ass dee vun eiser Zäit, vun eisem Häerz a vun eisem Blutt, wat mer drastiechen.”
D’Nouvelle vun hirem Projet platzt matzen an de Sträit vun der AMMD mat der CNS an der Gesondheetsministerin Martine Deprez. D’Dokteren hunn d’Konventioun mat der CNS gekënnegt, och mam Argument, si hätte gären an de Cabineten Infrastruktur bezuelt, wéi an de Spideeler.
Ma d’Fondateure vun der Findel Clinic betounen, datt si keng Sue vun der CNS fir d’Installatioun kréien. Den Alain Schmit seet:
“Nee, et ass de Moment net virgesinn. Also mir hunn dee Projet initiéiert. Dat huet näischt mat enger politescher Agenda ze dinn. Dat ass einfach, opgrond vun enger Analys, dass et net genuch Dokteren hei zu Lëtzebuerg ginn, an dass den Accès schwiereg ass, an dass mer einfach probéiert hunn, eppes ze maachen. C'est tout. Soss ass keng aner Iwwerleeung. Dat anert, wat elo geschitt, dat läit net an eiser Hand an do musse mer kucke wat da kënnt. Mir hunn do keng Influenz méi drop. Wéi der wësst, mir sinn net méi am Comité vun der AMMD. A wat d'CNS wëll oder net wëll, dat kënne mer souwisou net beaflossen. Jiddefalls musse mer elo mat deene richteg eens ginn, déi do sinn.”
D’Kritik, Projete wéi hire kéinten dozou féieren, datt d’Rentabilitéit vun de Spideeler zréck geet, well do just nach komplizéiert Fäll ze behandele sinn, wëllen den Alain Schmit an de Philippe Wilmes net gëlle loossen. Déi Aktivitéit, déi an hirer Klinik gemaach géif, hätt mat där vun de Spideeler iwwerhaapt näischt ze dinn. Vum 1. Mäerz u soll déi nei Findel Clinic direkt nieft dem Fluchhafe funktionéieren. Eng Websäit, fir no Rendez-vousen ze froen, ass och schonn online.