Wann d'Distanz tëscht dem Mound an der Äerd am geréngsten ass, schwätzt ee vun engem "Supermound".

Wann de Mound der Äerd besonnesch no kënnt, handelt et sech ëm e sougenannte "Supermound". E Mëttwoch den Owend um 23.16 Auer louch d'Distanz tëscht béide bei "nëmmen" 356.400 Kilometer. Normalerweis ass de Mound méi wéi 400.000 Kilometer vun eis ewech.

Firwat wierkt de Mound méi grouss?

Wann de Mound sech no um Horizont befënnt, wierkt e méi grouss wéi wann en uewen um Himmel steet. Dësen Effekt gëtt "Moundillusioun" genannt. Déi optesch Täuschung ass awer reng Kappsaach. Wann de Mound just iwwert dem Horizont steet, kënne mir en a Relatioun setze mat der Landschaft a mat aneren Objeten. Steet en héich um Himmel, feelt dem mënschlechen Aen d'Informatioun vun der Déift a vum Raum. Dowéinst schéngt de Mound do méi wäit ewech.

Nicolas Feierstein iwwer de Supermound

Kréien ech mam Handy eng gutt Foto vum "Supermound" hin?

Och mam Handy war et méiglech, gutt Fotoe vum "Supermound" ze maachen. Eis Social-Media-Ekipp hat an deem heite Clip déi richteg Tipps:

Wéi dir och mam Handy eng gutt Foto vum "Supermound" maacht
D'RTL-Social-Media-Ekipp verréit iech, op wat dir oppasse musst, wann dir eng Foto vum "Supermound" wëllt maachen.

Wou hunn aner Bezeechnungen hiren Ursprong?

Fréier gouf fir de Vollmound am Mount November och "Niwwelmound" gesot, well et zu där Joreszäit dacks niwweleg ass. An Däitschland gëtt et fir all Vollmound vun engem Mount eng aner Bezeechnung. Fréier hunn d'Leit sech nach net sou u Kalenneren an Auerzäiten, mä éischter un de saisonalen Naturphenomener orientéiert.

D'Bezeechnung "Bibermound" kënnt vum nordamerikanesche Kontinent a geet op déi indigeen Vëlker zréck. De Biber wier anscheinend am November besonnesch aktiv. Aner Legende schwätze vu Jeeër, déi besonnesch am November Falen opgestallt hu fir Biberen ze fänken, fir esou un hire waarme Pelz ze kommen.

Wéi kënnt Är Foto op rtl.lu?

Well d'Wieder et zougelooss huet, war den extra helle Mound bal onënnerbrach ze bewonneren, an deementspriechend vill Fotoe krute mir vun iech erageschéckt. An eiser Galerie si se alleguer regroupéiert.

Wann Iech och sou schéi Biller vum seelenen Naturphenomen gelonge sinn, setze mir déi selbstverständlech och nach gären online. Mailt eis Är Fotoen op foto@rtl.lu a schreift eis am beschten nach dran, wou d'Foto gemaach gouf.