Hertha wënnt an Ënnerzuel mat 3:2 géint Leipzig

Den Davie Selke huet direkt zweemol géint säi fréiere Veräin getraff. / © afp
Leverkusen an Hannover hu sech um Sonndeg eng ganz animéiert an ëmkämpfte Partie geleescht. Hannover a Leverkusen deelen e 4:4.
Um Sonndeg sinn an der däitscher Football-Bundesliga an 2 Partië ganzer 13 Goaler gefall.
Hannover - Leverkusen 4:4
Et war eng turbulent Ufanksphas zu Hannover, wou vun allem dobäi war. Keng vu béiden Equippen huet sech an iergendenger Hisiicht verstoppt, am Géigendeel, déi zwou Equippen hu vun Ufank u Vollgas ginn.
No 11 Minutten huet et eng éischte Kéier gerabbelt am Goal vum Opsteiger. De Lars Bender huet sech op der rietser Säit gutt duerchgesat an huet eng Flank an d'Mëtt op de jonke Julian Brandt gespillt, deen d'Flank Volley hëlt an dem Tschauner keng Chance léisst.
Nëmmen eng Minutt méi spéit koum awer d'Reaktioun vun Hannover. De Korb huet eng flott Flank an d'Mëtt, genau op de Kapp vum Bebou, gespillt. De Buteur vun Hannover huet de Ball an de laangen Eck gekäppt, näischt ze maache fir de Leno am Lëtzebuerger Goal.
An der 19. Minutt war et dunn en Duell tëscht dem Klaus an dem Tah. Den Arbitter huet ufanks net op Eelefmeter entscheet, ma nodeems de Video-Assistent agegraff huet, huet den Onparteieschen dunn awer op Eelefmeter decidéiert. De Füllkrug, deen nach zu München verschoss hat, huet sech där Saach nees ugeholl an huet de Leno an de falschen Eck geschéckt.
Ee Feeler an der Defense vun Hannover huet et de Leverkusener erlaabt un de Ball ze kommen a beim Schoss vum Mehmedi huet och nach den Tschauner am Goal vun Hannover matgehollef, dat well hie beim Schoss vum Mehmedi guer keng gutt Figur gemaach huet. 2:2 no nëmme 25 Minutten.
Hannover hat liicht méi vun der Partie a si sinn esouguer mat enger 3:2-Féierung an d'Paus gaangen, dat well de Klaus an der 45. Minutt zougeschloen huet. Hannover konnt de Ball am Mëttelfeld recuperéieren, de Füllkrug huet gutt ëmgeschalt an huet am 16-Meter de Ball mat der Hack fir de Klaus opgeluecht, deen de Ball an de Goal schéisst.
Nëmmen eng Minutt méi spéit hat de Bellarabi nach bal ausgeglach, ma säi Schoss ass no engem flotten Dribbling just ganz knapps laanscht de Potto gaangen.
Wann ee geduecht huet an der zweeter Hallschent géing sech d'Spill berouegen, dann huet ee sech geiert. Den Leverkusener Trainer huet an der Paus reagéiert an zweemol gewiesselt, ënnert anerem huet hien de jonken Jamaikaner, de Leon Bailey agewiesselt an deen huet direkt an der 47. Minutt getraff. Den Havertz huet eng flott Pass an de Laf vum Bailey gespillt, deen eleng virum Tschauner d'Nerve behält an de Ball an de Goal schéisst. Den Tschauner war wuel nach um Ball, mee konnt en net méi entscheedend deviéieren.
20 Minutte méi spéit gouf et ee Corner fir Hannover, ma dee sollt no hanne lassgoen. Leverkusen krut de Ball an ass ee Konter gelaf, de Mehmedi huet de Ball nees an de Laf vum séiere Bailey gespillt an dee léisst och déi Kéier dem Tschauner keng Chance.
Ma nach war Hannover net geschloen, well de Korb huet an der 83. Minutt no engem Duercherneen am Leverkusener Strofraum profitéiert fir op een Neits auszegläichen.
Eng turbulent Partie huet um Enn kee Gewënner fonnt an esou geet et mat dësem spektakuläre 4:4 op en Enn.
RB Leipzig - Hertha BSC 2:3
D'Ufanksphas vun der Partie war fir d'Equipe aus der Haaptstad ewéi eng Achterbunn vun den Emotiounen. Hertha konnt no 5 Minutten duerch den Davie Selke a Féierung goen. Den Esswein huet eng Pass vun der rietser Säit an d'Mëtt, an de Réck vun der Defense gespillt, wou de Selke stoung an de Ball onhaltbar an den Eck geschoss huet. Ma nëmmen 2 Minutte méi spéit war d'Freed verflunn. Den Torunarigha huet als leschte Mann den Timo Werner vun de Bee geholl a krut déi rout Kaart gewisen.
All Reklamatiounen hunn näischt bruecht. Leipzig konnt vun der Iwwerzuel awer net profitéieren, am Géigendeel, no 31 Minutte stoung et op eemol 2:0 fir d'Hertha.
De Lazaro huet ee Fräistouss vun der rietser Säit héich an d'Mëtt gespillt, wou de Kalou am héchste gesprongen ass an de Ball mat engem stramme Kappball am Goal ënnerbruecht huet.
Zur Paus war et eng 2:0-Féierung fir d'Equipe vum Trainer Pal Dardai, deen déi 100. Kéier op der Trainerbänk vun der Hertha souz.
Ma och nom Säitewiessel ass keng Géigewier vu Leipzig komm. Esou huet an der 51. Minutt de Selke säin zweete perséinleche Goal vum Dag markéiert. De Lazaro huet ee Corner an d'Mëtt bruecht an um zweete Potto huet de Selke just de Fouss missen dohinner halen.
Do koum dunn awer endlech eng Reaktioun vum Vize-Champion. An der 68. Minutt konnt d'Hertha de Ball nach no engem Corner klären, ma de Ball ass beim Bruma gelant, deen de Ball an d'Mëtt bruecht huet an do huet den Orban mam Kapp den Uschloss markéiert.
Leipzig konnt an der 92. Minutt zwar nach ee Goal schéissen, duerch den Halstenberg, mee dëse Goal ass ze spéit komm. D'Hertha wënnt d'Partie verdéngt an an Ënnerzuel mat 3:2 géint Leipzig.