De Roland Virkus gëtt seng Funktioun als Responsabele vum Volet Sport bei der Borussia Mönchengladbach op.

No engem schlechte Start an d'Bundesliga-Saison mussen d'Fohlen elo och nach een neie Directeur sportif sichen. Mat zwee Punkten no fënnef Spilldeeg steet Gladbach op der leschter Plaz vun der Liga. Och am Pokal konnt ee sech just knapp mat 3:2 géint de SV Atlas Delmenhorst aus der Oberliga duerchsetzen.

De Roland Virkus hat d'Funktioun am Februar 2022 nom Ofgang vum Max Eberl iwwerholl, an ass schonn zanter 35 Joer am Veräin aktiv. Seng Entscheedung begrënnt en domat, datt de Veräin iwwert allem steet.