D'Dolphins wannen hiren éischte Match vun der Saison. Grond ze feieren huet d'Ekipp vu Miami allerdéngs net, well sech hire Superstar uerg verletzt huet.

Am "Monday Night Game" haten d'Miami Dolphins Besuch vun den New York Jets, béid Ekippen haten nach keng Victoire virzeweisen a stoungen dofir ënner Drock. Et sollt op béide Säiten defensiv eng staark éischt Hallschent gespillt ginn, just Dolphins fanne mat hirem neie Spiller Darren Waller, dee vun der anerer New-Yorker Ekipp koum, de Wee an d'géigneresch Endzon. Duerch Field-Goals vu béiden Ekippen, féieren d'Haushären an der Paus mat 10:3.

Nom Säitewiessel hunn d'Offensiv-Spiller vu béiden Ekippen awer dunn ofgeliwwert. Fir d'éischt war et nees de Waller, dee säin zweeten Touchdown vum Owend fänke konnt. Bei den Jets huet hire Quarterback Justin Fields mat engem Laf vu 43 Yards fir weider 6 Punkte gesuergt. Ma d'Dolphins haten es nach net genuch a konnte mat hirem Running-Back Devon Achane fir hiren drëtten a leschten Touchdown suergen.

Am leschte Véierel sollte béid Ekippen nach ee Field-Goal schéissen, ier d'Jets zwou Minutte viru Schluss duerch de Garett Wilson nach eng Kéier erukomme sollten. De Fields hält de Ball bei der "2-Point-Conversion" an d'Jets kommen erëm mat 21:27 erun. Dëst sollt awer och d'Endresultat sinn, well d'Gäscht net méi un de Ball koumen.

Schro Blessur fir den Tyreek Hill

Am 3. Véierel koum et zu enger onschéiner Situatioun op der Säit vun den Dolphins. Hire Star-Wide-Receiver Tyreek Hill bleift no enger Pass um Bod vum Spillfeld um Buedem leien. Dem Super-Bowl-Gewënner vun 2020 säi Knéi stoung an déi falsch Richtung of an en huet musse vum Spillfeld gefouert ginn.

Opgepasst: D'Biller an deem Video kënne schockéieren

Am Laf vum Dënschdeg goufen dann éischt Informatioune verëffentlecht. Deemno soll den Tyreek Hill e puer Bänner am Knéi gerass hunn, dorënner och dat viischt Kräizband. Hie soll nach en Dënschdeg operéiert ginn a wäert wuel fir de Rescht vun der Saison ausfalen. Den Hill zielt zanter Joren zu deene beschte Receiver an der Liga. Zanter 2017 huet den Amerikaner 83 Touchdowns gefaangen an ass domat an deem Zäitraum hannert dem Mike Evans (91) a Davante Adams (102) den Drëttbeschten.

Broncos géint Bengals

Am zweete Match vum Owend stounge sech d'Denver Broncos an d'Cincinnati Bengals géigeniwwer. D'Bengals déi zanter zwou Woche wéinst enger Blessur op hire Star-Quarterback musse verzichten, konnte mat engem Field-Goal fir den éischte Score suerge, dat sollt awer och deen eenzege fir de ganze Match bleiwen. D'Broncos dominéieren d'Bengals mat 4 Touchdowns. Mann vum Match war de Quarterback Bo Nix mat iwwert 300 Yards an zwou Passen an d'Endzone. De 25 ale Spillmaacher leeft souguer nach ee weideren Touchdown selwer. D'Resultat läit schlussendlech bei 28:3 a béid Ekippe stinn elo bei zwou Victoiren an zwou Defaiten.