Déi zwee grouss mailännesch Veräiner kréien no laange Verhandlungen den Accord, fir de Stadion a seng Alentoure fir knapp 200 Milliounen Euro ze kafen.

Ob wärend der Futtballweltmeeschterschaft 1990, de weltbekannten Mailand-Derbyen oder legendären Championsleague-Matcher, de San Siro ass ee vun deene bekanntste Stadionen op der Welt. Vill Fans schwätze vun enger besonnescher Atmosphär am Stadion, wou schonn sou munch Futtballgeschicht geschriwwe gouf.

De Giuseppe-Meazza-Stadion, oder ebe besser bekannt ënnert dem Numm San Siro, ass d'Heemecht vun de Veräiner AC an Inter Mailand. Dës wëlle scho länger eng nei Arena bauen, well hiren 1926 ageweite Stadion net méi alle Virlagen entsprécht.

D'Veräiner hu scho virun zwee Joer versicht, de Stadion vun der Stad ze kafen, kruten awer ni eng Autorisatioun. E Méindeg gouf dunn an enger Versammlung mat der Stad Mailand fir de Verkaf gestëmmt. No 11 Stonne stoung ee Vott vu 24 zu 20 fir ee Verkaf un déi zwee mailännesch Veräiner. De knapp 200 Milliounen deiere Kaf wäert den 10. November duerchgoen, an enthält nieft dem Stadion selwer nach 28 Hektar Land.

Um Terrain nieft dem San Siro soll bis 2031 eng modern Arena mat enger Kapazitéit vun 71.500 Plazen entstoen. Wann dës fäerdeg ass, soll de legendäre San Siro da fir Parkplazen an nei Büroe Plaz maachen. De ganze Projet beleeft sech op e Käschtepunkt vun 1,2 Milliarden Euro a soll virun der Europameeschterschaft 2032, déi an Italien an an der Tierkei ass, fäerdeg sinn. Bis dohi gëtt awer nach am ale Stadion gespillt. D'Fans kënnen also nach eng Partie Jore vum legendäre San Siro profitéieren.