En Dënschdeg ass am europäesche Futtball den Optakt vum zweete Spilldag an der Champions League.

Um RTL 2 ginn dës Woch d'Matcher Atletico Madrid géint Frankfurt an Barcelona géint Paräis iwwerdroen. Virun allem e Mëttwoch gesäit een deemno zwee Top-Favoritten op den Titel.
 
Barcelona huet an der éischter Partie zu Newcastle schonns gewisen, datt een dës Saison immens schwéier ze klappen ass. D'Ekipp vum Trainer Hansi Flick ass op ville Plazen duebel besat an huet e Mëttwoch den Owend, anescht wéi nach um éischte Spilldag, de Lamine Yamal nees mat dobäi. De PSG wëll den Titel onbedéngt verdeedegen. Mam Gewënner vum Ballon d'Or Ousmane Dembelé an engem Kär, deen zesummebliwwen ass, zielt ee wuel nees zu de Favoritten, mä den Ament feelen awer eng Partie Spiller.

Als éischt geet et awer en Dënschdeg den Owend lass mat der Partie Atletico Madrid géint Eintracht Frankfurt. Fir d'Ekipp vum Trainer Dino Toppmöller geet et nom souveräne 5:1 géint Galatasaray elo drëms, fir och géint déi richteg gutt an onbequeem Ekippen ze weisen, datt een an der Champions League ee Wiertchen kann ëm d'KO-Phas matschwätzen. De fréieren Diddelenger Trainer huet zu Frankfurt eng kloer Handschrëft erabruecht a sëtzt relativ fest am Suedel.

Atletico Madrid wäert awer mat ganz breeder Broscht optrieden. Zu Liverpool gouf et eng knapp Néierlag. Ma de Weekend am Championnat huet ee Real Madrid 5:2 deklasséiert.