Zwou Ekippe bleiwen an der NFL nach ongeschloen, dat och, well d'Giants eng éischter iwwerraschend Victoire feiere konnten.

De Weekend war den éischte vun am ganze sechs Matcher, déi an Europa gespillt ginn. Well nieft Dublin ginn et nach dräi Matcher zu London, een zu Berlin an een zu Madrid.

An an der Partie an der irescher Haaptstad hat et laang no enger klorer Victoire vun de Steelers ausgesinn. Hir Defense huet an den éischten dräi Quartere just zwee Fieldgoals zougelooss, also sechs Punkten, an d'Attack ronderëm den Aaron Rodgers konnt dräi Mol an d'Endzone kommen, esou datt si en Avantage vun 21:6 haten. Wien awer gemengt huet, datt d'Partie gelaf wier, hat d'Rechnung ouni d'Vikings gemaach. Am Ufank vum leschte Véierel hu si nach e Fieledgoal zougelooss, ma dono konnte si direkt hannerteneen zwee Touchdowns maachen, esouguer eng Kéier mat enger "Two-Point-Conversion", esou datt si op 24:21 verkierze konnten. Kuerz viru Schluss krute si och nach eng Kéier de Ball, ma d'Defense vun de Steelers huet gehalen a si konnte keng Punkte méi maachen. Esou wannen d'Steelers dann zum Schluss knapp mat 24:21 zu Dublin. D'Vikings bleiwen iwwregens an Europa, well nächste Sonndeg spille si zu London géint d'Browns.

D'Browns ugeschwat: No der Iwwerraschung leschte Weekend, wéi se de Match géint d'Packers an der leschter Sekonn gedréint hunn, gouf et dës d'Woch d'Erniichterung. Géint déi staark Defense vun de Lions hate si wéineg Opweises, eenzeg mam éischte Ballbesëtz war hinnen en Touchdown gelongen. An obwuel hir eegen Defense staark gespillt huet, konnten dës d'Offense vun de Lions, déi de Ball dacks a gudder Positioun kruten, net all Kéiers ophalen. Esou verléieren d'Browns zum Schluss Recht kloer mat 34:10.

Bei der Partie tëscht de Buccaneers an den Eagles, béid bis ewell ongeschloen, sinn dann direkt zwou "Streaks" gebrach. De Quarterback aus Tampa Baker Mayfield huet seng éischt Interception fir dëst Joer gehäit an hien huet et net fäerdeg bruecht, de Match an der leschter Sekonn vun der Partie ze dréinen. Dat war him déi lescht dräi Matcher gekléckt. An der éischter Hallschent hat u sech alles no enger einfacher a klorer Victoire vun den Eagles ausgesinn, déi mat 24:6 op den Téi gaange sinn. Ma d'Bucs koume mat de Messer tëscht den Zänn aus der Vestiaire. Fir Defense huet just nach een Touchdown zougelooss an d'Offense huet mam éischten eegene Ballbesëtz méi Punkte gemaach, wéi an der ganzer éischter Hallschent. Tampa koum doheem lues awer sécher un d'Eagles erun a mat nach 11 Minutten op der Auer, wier nach alles dra gewiescht. Ma an deem Drive huet de Mayfield seng éischt Interception an der Endzon gehäit. Amplaz gläichzezéien, kruten d'Eagles de Ball. Ma d'Defense vun de Bucs war nees do a konnt verhënneren, datt d'Eagles iwwer den Terrain marschéieren. Hir Ekipp krut de Ball nach eemol erëm, ma och dee Versuch blouf ouni Punkt. Esou konnten d'Eagles de Match auslafe loossen an huelen d'Victoire mat heem.

Nieft den Eagles sinn et iwwregens just nach d'Bills, déi 31:19 géint d'Saints gewonnen hunn, déi bis ewell ongeschloe sinn. Dat, well d'Ravens zu Kansas City zimmlech däitlech mat 37:20 verluer hunn a well d'Giants iwwerraschend 21:18 géint d'Chargers konnte gewannen. Et war hei d'Defense vun der New Yorker Ekipp, déi gewisen huet, datt si och op deem Niveau mat deene beschte ka mathalen. Am éischte wéi och am leschte Véierel hu si näischt zougelooss a konnten d'Chargers an den aneren zwee Mol 15 Minutte bei zwee Touchdowns an engem Fieldgoal halen.

D'Resultater am Iwwerbléck

Seattle Seahawks - Arizona Cardinals 23:20
Minnesota Vikings - Pittsburgh Steelers 21:24
Washington Commanders - Atlanta Falcons 27:34
New Orleans Saints - Buffalo Bills 19:31
Cleveland Browns - Detroit Lions 10:34
Tennessee Titans - Houston Texans 0:26
Carolina Panthers - New England Patriots 13:42
Los Angeles Chargers - New York Giants 18:21
Philadelphia Eagles - Tampa Bay Buccaneers 31:25
Indianapolis Colts - Los Angeles Rams 20:27
Jacksonville Jaguars - San Francisco 49ers 26:21
Baltimore Ravens - Kansas City Chiefs 20:37
Chicagos Bears - Las Vegas Raiders 25:24
Green Bay Packers - Dallas Cowboys 40:40

An der Nuecht op en Dënschdeg ass et dann nach den Duell tëscht den Jets an den Dolphins, déi bis ewell béid kee Match konnte gewannen, an de Bengals mat de Broncos.